De 14. Juni waren d'3eC an d'2eC een Dach op Huelmes fir sech iwwert „écosystème eau“ an eisem Land méi schlau ze maachen. Si hunn geléiert, wat Biodiversitéit ass, a konnten sech dunn selwer zu Huelmes iwwerzeegen. Aus verschiddene Séien hunn Schüler Waasserprouwe geholl mam Ziel sou vill verschidden Déieren ze sammele wei méiglech. Grouss Victoire war et, e puer Fräsche mat vollem Kierperasaz (Merci Loïc ;-) ) ze fänken. Weider goung et an enger Bach wou si kleng Insekte sammelen, zielen an ënnerscheede missten, fir erauszefanne, wei propper d'Waasser ass. Zousätzlech konnten si hier chemesch Kenntnisser ëmsetzen an eenzel Stoffer am Waasser noweisen. Fir d'Thema ofzeronne kruten si och nach eng Visite guidée duerch eng kleng Kläranlag.