Vum 5. bis den 8. Juli waren 17 Schüler an 3 Proffen op Lissabon gereest fir déi lieweg Staat ze entdecken. Logéiert hu mir an engem flotten Hostel am Quartier Bairro Alto direkt beim Miradouro de Sao Pedro de Alcantara. Um Programm stoungen kulturell an historesch Visitten mat ënnert anerem dem Torré de Belém, dem Mosteiro dos Jeronimos, dem Castelo de Sao Jorge an dem Quartier Alfama. De Public viewing op der Praça do Comércio an en Ausfluch op de Strand vu Cascais duften natierlech och net feelen.
De leeschten Dag stoung nach d’Visitt vun Oceanario de Lisboa um Programm.