Wéi all Joers sinn och des Kéier erëm déi fläissegst Schüler a Sportler op der Soirée des récompenses geéiert ginn. Nieft den élèves a sportifs méritants, ass och dëst Joer nees de Prix d'excellence un déi Schüler verdeelt ginn, déi souwuel schoulesch wéi och sportlech super Resultater erzielt hunn. Dat waren dëst Joer d'Maeva Baum, d'Laura Hoffmann an d'Chloé Schmidt.
Dann goufen et dëst Joer awer och 2 néi an exzeptionell Präisser. Op der enger Säit sinn eis 5 Handballspiller geéiert ginn, déi ab dem neie Schouljoer op enger Handballakademie bei engem gudden Handballsclub an Däitschland wäerte spillen an awer och léieren.
Op der anerer Säit krut de Cédric Pries de Prix d'encouragement fir säin immenst Duerchhalverméigen an seng Kraaft, fir no enger schwéierer Chute op enger Course am Ausland erëm méi séier op d'Been ze kommen, wéi jidderee gemengt hat.
Mir gratuléieren nach eng Kéier jidderengem fir seng Reussitten, sief et op schouleschen oder sportlechen Niveau!