Interview mam Adrien Glaesener
Auslandsjoer zu Vancouver a Kanada
Virnumm / Numm / Alter: Adrien Glaesener, 16
Sportaart: Judo
Lescht Klass am Sportlycée: 5M2
A wei enger Schoul bass du elo: Sentinel Secondary School
Wou: West Vancouver, Kanada (PST, LUX - 9 Stonnen)
Wisou hues du dech fir dat Land entscheet?
Ech hunn mech fir Kanada entscheet, vu dass et en immens schéint Land ass, voller Natur, riseg, multi-kulturell an international, mat verschiddene Facetten. Ech hunn mech besonnesch fir Vancouver entscheet, well et éischtens op der anerer Säit vun dëser Äerd ass, zweetens well et eng grouss an international Stad ass, déi direkt um Pazifik leit, engleschsproocheg ass an och well ee vum Schilift direkt op d’Plage innerhalb vun nëmmen 10 Minutte kennt, an ech do mengen Hobbye Schifueren a Seegelen nogoe konnt.
Wou wunns du?
Ech wunnen zu West Vancouver an enger Famill mat mengen „Host“-Elteren an hiren 2 Diechter, déi schonn op der Uni sinn. Mir liewen an engem Haus um Bierg an de sougenannte British Properties, wou mir all Dag op d‘Skyline vun der Stad erofgesinn, an nëmmen 10 Minutte mam Auto vun Downtown Vancouver ewech sinn.
Hues de dech gutt agelieft? Bass du gutt opgeholl ginn?
Ech hunn mech immens gutt agelieft, vu dass ech virum Schoulufank an deenen éischten 2 Wochen am Kanada fir d’aller Éischt eng Schoul- a Staadorientatioun mat deene villen aneren neien „Internationals“ gemaach hunn. Déi huet mir immens vill gehollef, meng éischt Kontakter ze etabléieren an d‘Staad besser kennenzeléieren. Meng éischt Famill huet mech am Ufank och zimlech gutt opgeholl a mir waren den éischten Owend schonn direkt all zesummen eppes an de Restaurant iessen, wat mir erlaabt huet, si nach besser kennenzeléieren.
Wei ass de Liewensstil / d'Mentalitéit am Verglach zu Lëtzebuerg?
Den Alldag am Kanada ass alles vill méi relax. Dat fänkt schonn an der Schoul un, wou een no de Flichtfächer och 4 Matièren no sengen eegene Preferenze wiele kann, wéi z.B. Politik, Business, Kachen oder Schräinerei. Zudeem brauch een nëmmen en Computer fir d’Schoul an déi meeschten Assignments sinn och online ze maachen an ofzeginn. Déi kanadesch Populatioun ass immens frëndlech a jidderee versicht dir ze hëllefen an dech an hire Frëndeskrees opzehuelen. Zudeem sinn a ganz Kanada immens vill Natioune vertrueden an et pralle ganz verschidde Kulturen openeen. Virun allem zu Vancouver si bestëmmt 50% vun der Populatioun net aus Kanada. Déi meescht hunn asiatesch Originnen, Vancouver huet eng impressionnant chinesesch Communautéit.
Wei gëss du mam Liewensstil / mat der Mentalitéit eens?
Ech ginn immens gutt mat dem Liewensstil hei eens. Kanada ass am Géigendeel zu Amerika nach immens europäesch an ech hat eigentlech guer kee Kulturschock nodeems ech zu Vancouver ukomm sinn. Vu dass Fräizäit a Sport immens grouss geschriwwe ginn, war ech ganz séier a mengem Element.
Wat vermësst de aus Lëtzebuerg?
Heiansdo meng lëtzebuergesch Frënn a meng Famill. Skype a Whatsapp sinn awer immens grouss Hëllefen hautdesdaags fir mat senger distanter an zäitversetzter Ëmwelt a Kontakt ze bleiwen.
Mat wéi engen Zieler / Erwaardunge bass du dohinner gaangen?
Ech sinn dohinner gaange mat der Erwaardung mäin Englesch drastesch ze verbesseren an och hei eng aner Kultur ze erliewen. Nei Frënn aus der ganzer Welt ze fanne war en anert Ziel. Mat dem Judo war et zu Vancouver an de leschte Méint leider en bëssche méi komplizéiert, well de Judo komescherweis hei zu Vancouver net esou populär ass wéi z.B. an Europa oder Asien.
Sinn déng Zieler / Erwaardunge bis elo erfëllt ginn?
Op jidder Fall, an si sinn esou guer iwwertraff ginn. Mäin Englesch huet sech immens verbessert, an ech fänken elo esou guer un, alles als éischt op Englesch ze iwwerleeën éier ech et dann op Däitsch oder Franséisch schreiwen oder ausdrécken. Ech hunn och elo nei gutt Frënn op 6 Kontinenter mat deenen ech och an den nächste Joren a Kontakt bleiwen. En plus vun der internationaler Erfarung, war et definitiv derwäert dësen Austausch unzetrieden.
Wat ass bis elo deng schéinsten Erfarung?
Am Fong ass alles wat hei a Kanada passéiert ass eng immens flott a schéin Erfarung. Ech ka mech nach un den Dag erënnere wou eng Kéier moies fréi um 5 Auer opgestane sinn an den éischte Bus op de Bierg geholl hunn fir de Sonnenopgank ze kucken an duerno Schi ze fueren. Mir waren déi éischt op der Piste a sinn de ganzen Dag gefuer, a wou d’Sonn scho bal ënnergaangen ass, si mer eis op d’Hütt eng Pizza siche gaangen a konnten dunn nach eng leschte Kéier mam Lift ganz erop fuere fir eis do, mat der Pizza am Grapp, d’Sonn unzekucken, déi lues iwwert dem Pazifik verschwonnen ass.
Wat ass net esou gutt gelaf?
Ech hunn leider misse meng 1.Famill no 4 Méint wiesselen, vu dass ech mech net esou gutt mat hinne verstanen hunn, an si mir och net wierklech gehollef hunn mech ze integréieren oder d‘Staad besser duerch si kennenzeléieren. Ech krut awer super Ënnerstëtzung vu menger Organisatioun an och vun de Schoulautoritéiten, esou dass dee Wiessel awer net ze komplizéiert war. An där neier Famill ass et elo awer wierklech super. Dat sinn heiansdo d’Hürde vun engem Auslandsjoer, dat soll een awer dofir net vun där Auslandsexperienz ofhalen.
Hues du eng witzeg Anekdot, déi‘s du eis wëlls erzielen?
Am Hierscht stoung ech eng Kéier um Busarrêt virum mengem Haus op de Bus ze waarden, bis op eng Kéier een ausgewuessene Bier iwwert d’Strooss gelaf ass. Fir Kanadier ass dat ganzt Routine, mee si hunn eis ëmmer gesot: ‘’You can't outrun a bear, so don't even try’’. Et muss een sech an där Situatioun ëmmer roueg verhale mee dat ganzt ass méi liicht gesot wei gemaach! Zudeem gesäit een hei immens vill Wäschbieren an och Kojoten, déi reegelméisseg owes iwwer d’Strooss lafen.
Wéi gesäit däin Dagesoflaf aus?
Mäin Dag fänkt normalerweis géint 7 Auer un an da maachen ech mech fäerdeg fir d‘Schoul. Ech huele géint 8 Auer de Bus fir an d’Schoul, déi um 8:30 ufänkt a bis 3 Auer nomëttes dauert. Duerno ginn ech oft mat Frënn an den Gym, an d‘Staad oder wéi am Wanter schnell heem fir meng Schisaachen ze huelen an da Schi heiansdo esou guer bis 10 Auer owes ze fueren. An der Woch iessen ech normalerweis mat menger Famill zu Owend éier ech da meng Hausaufgabe fäerdeg maachen oder nach eppes aneschtes maachen.
Kanns du dir virstellen, méi laang do ze bleiwen?
Op jidder Fall! Am Ufank hunn ech geduecht d‘Zeit géing laang ginn, mee déi ass awer richteg schnell laanscht geflunn. Déi 8 Méint am Kanada si mir bis elo virkomm ewéi 3. Déi lescht 2 Méint wäerten nach méi schnell eriwwer goen, och well d’Fréijoer an dat schéint Wieder elo erëm do sinn. Ech kéint mir esou guer virstelle spéiderhin hei ze studéieren oder laang Reesen hei ze ënnerhuelen. D’Natur hei ass nämlech impressionnant.
Wat géings du de Schüler soen, déi eventuell och en Auslandsjoer wëlle maachen, sech awer nach net sécher sinn?
Wann een déi Opportunitéit huet oder kréie kann een Austauschjoer ze maachen, da soll een déi Chance sécher ausnotzen. Et bréngt engem esou vill fir säi spéidert Liewen. Net nëmmen d‘Englesch oder nei Frënn op der ganzer Welt. Et ass wierklech derwäert, et erlieft een nämlech immens vill a spannend Saachen, et gëtt een definitiv méi selbststänneg, et kritt een nei Horizonter, et muss een ufänken alles selwer ze organiséieren -wat och am Ufank en bëssche méi komplizéiert ka sinn- mee et soll een definitiv déi Opportunitéit notzen an et einfach nëmme maachen. Eng super Erfarung fir d’Liewen, op d’mannst fir mech !!