No engem gemittlechen Hifluch si mir Freides am waarme Südfrankräich ukomm. Den éischten Dach hunn mir zu Nice verbruet an d'Stad visitéiert. Mir sinn op Colline du Château erop gaangen an hunn déi wonnerschéi Vue op Nice genoss. No engem gemittleche Spadséiergang iwwert Promenade des Anglais an engem Owesiessen ob enger Terrasse hu mir den Owend ausklénge gelooss.
Samschdes si mir dunn ganz frei an der Morgenröte mam Bus Richtung Castellane gefuer. Am Nomëtten hunn mir Gorges du Verdon bei enger spannender Raftingaktivitéit kenne geléiert. Owes hunn mir eis eng lecker Pizza ob der Terrasse vun eisem Mobile Home gegënnt.
Sonndes stoung eng Wanderung vun 18 km mam Ziel Cadières de Brandis um Plang. Mir waren daper an hunn eis de steile Wee bis no uewen durchgekämpft. Vue ob Bierger war all Strapaze wäert.
Méindes si mir erëm mam Bus zréck op Nice gefuer. Nodeems mir am Hotel Lafayette agecheckt haten, sinn d' Meedercher an d'Stad shoppe gaangen an d'Jongen hunn sech ob der Plage gebräunt. Owes hunn mir eis an engem schicke Restaurant getraff a gemittlech de leschten Owend zesumme genoss.
Dënschdes huet eis schéi Rees zu Nice en Enn geholl, nodeems mir am spéide Moien en leschte Patt op enger Terrasse op der Plage gedronk haten. Dobäi konnte mir eng Virféierung vun engem Arméi's Helikopter iwwert dem Mier kucken. Mëttes huet Luxair eis dunn no 5 flotten Deeg zréck ob Lëtzebuerg bruet.