Mam Zil de Schockela an d'Limonad an eisen Automaten ze ersetzen hu mir de Schüler wärend de Pausen Fairtrade Produit'en ze schmaache ginn, déi sinn duerno konnte kafen.Donieft goufe Workshoppen op eisen 7ièmen an op eiser 8ième organiséiert fir de Schüler de Label Fairtrade méi no ze brèngen. Parallel zum "Fairtrade Projet" leeft nach eisen "Mülltrennungsprojet" an Zesummenaarbecht mat der Superdreckskëscht. All Klass krut 3 Zorten Poubellen an hire Klassesall vir hiren Offall ze trennen. Hei ass och jeeweils ee Schüler aus der Klass responsabel dass et klappt. Dobäi kënnt, dass an onsem Foyer vum 14. Abrëll bis den 13. mee 2 Léierstroossen zum Thema "Pabeier" a "PET Fläschen" opgestallt waren. hei konnten d'Schüler feststellen wéi vill Waasser an Energie ee ka beim benotzen vu recycléiertem Pabeier spueren a wat een alles kann mat recycléierten PET Fläschen produzéieren.