De Mëttwoch , 25. Abrëll war et richteg flott am Cours , wëll mir haten d’ Madamm Simic aus den Archives nationales, déi ons erkläert huet, wéi d’Schrëft sech entwéckelt huet, op Besuch. Besonnesch gefall huet ons, dat mir dat och praktesch konnten ausprobéiere. Sou hunn mir z.B. wéi Réimer op Tafelen aus Wues geschriwwen.
Als éischt hunn mir d’Réimesch Zuele geléiert an uschléissend misste mir, op enger ganz klenger Wuestafel, Rechnunge mat dësen Zuele léisen. Dat war eng witzeg Erfarung, awer ustrengend, well mir dat mühsam hunn missen aritzen. Mir wéilten awer net an der Schoul all Dag domadder schreiwen, well ee vill méi laang domadder brauch wéi mat enger Füllfieder oder dem Computer.
Nodeems mir nach iwwer d’ Mëttelalter geschwat hunn, hunn mir en Sprong an d’karolengescht Zäitalter gemaach a Karolengerschrëft kënne geléiert. Fréier gouf op richtegt Pergament, wat aus der Haut vu Schof oder Geessen hiergestallt gouf, geschriwwen. Mir hunn mat Encre de Chine op e „Fake-Pergament“ geschriwwen. Dofir hate mir mat enger Aart Füllfieder aus Schilf, engem Calamus, eisen Numm geschriwwen. Dat war scho méi einfach, wéi bei de Réimer, well een domat schreiwe konnt wéi mat enger Füllfieder. Deen eenzegen Nodeel war, dat een se ëmmer nees huet missen an Tënt zappen. Zum Schluss konnte mir d’ „Pergament“ mat eisem Numm drop mat heem huelen. Et war mühsam mä flott an amüsant.
Den Atelier war ganz cool an huet ons Spaass gemaach, well ee gewise krut, wou ee fréier drop geschriwwen huet. Mat deenen ale Schrëften a Geräter huet ee vill méi laang Zäit gebraucht an et war méi schwéier, eppes opzeschreiwen an Aufgaben ze léisen.
Et war ganz witzeg ze gesinn, wéi d’ Schrëft sech entwéckelt huet. Ons ass bewosst ginn, dat et elo vill méi einfach ass ze schreiwen. Mir hunn et haut vill méi einfach mat eisen Handyen an aneren elektronesche Geräter!
Schüler vun der 7e C2 aus dem Sportlycée