Am Karate huet de Jordan Neves de Weekend zu Rotterdam am Kader vun der drëtter Ronn vun der K1-Premier-League-Serie 3 Kämpf konnte gewannen a war domat beschten FLAM-Athlet. Dobäi huet hien ënnert anerem den Däitschen David Kuhn geklappt, dee virun engem Mount bei der U21-EM de 7. ginn ass.
Am Badminton da war d’Léa Genson beim YBJM-Tournoi zu De Pinte am Asaatz, wou hatt den Tournoi gewonnen huet an sech kloer géint seng Matstreiderinne konnt duerchsetzen.
Och de Mike Sinico ass op dësem Tournoi bei der U15 gestart a konnt en Gruppespill fir sech entscheeden.
Mir gratuléieren eise Schüler fir hier Leeschtungen!