En Samschden, 13. Januar hunn d’Cyclocross-Landesmeeschterschaften zu Kayl stattfonnt an eis Schüler hunn super Resultater erzielt.
Ugefaange mam Felix Schreiber, deen net nëmme kloren Espoirschampion ginn ass, mee sech och bei der Elite konnt weisen. Bis op de spéidere Champion Sören Nissen, deen sech eréischt op de leschte Metere konnt duerchsetzen, huet de Felix déi aner Coureure weit hannert sech konnte loossen. Nodeems hie schonn déi ganz Saison iwwer dominéiert hat, konnt hien sech um wichtegste Rendezvous vun der Saison nach eng Kéier beweisen.
An der selwechter Course ass den Tristan Parotta op déi gudd 4. an den Noah Fries op déi gutt 5. Platz bei den Espoire gefuer.
Bei de Junioren ass den Arthur Kluckers Vize-Champion ginn, de Pablo Blatt ass gudde 7. an de Jacques Gloesener gudden 8. ginn.
Bei den Débutants ass de Mats Wenzel och Vize-Champion ginn, den Alexandre Kess ass an der selwechter Course gudde 4., de Charles Dax gudde 6. an de Gilles Miny gudden 8. ginn.
Bei de Meedercher huet d’Marie Schreiber et sengem Brudder gläich gedoen a konnt sech bei den Débutantes duerchsetzen.
Bei de Fraen Espoires ass d’Nina Breton op eng gutt 5. Platz an d’Laetitia Maus op déi gutt 6. Platz komm.
Op dëser Platz gratuléiert de Sportlycée all de Coureure fir hier gutt Performancen an d’Championstitelen, déi sech eis Schüler erkämpft hunn.
Fotoen: rtl.lu