No laanger Waardenzäit krut de Matthieu Osch en Mëttwoch, 10. Januar, endlech den Accord vum COSL: Hien wäert bei den Olympesche Wanterspiller zu Pyeonchang vum 9. bis de 25. Februar als eenzege Lëtzebuerger am Ski Alpin un de Start goen. De Matthieu wäert soumat den 18. Februar am Riesen- an den 22. Februar am Slalom untrieden.
Déi ganz Communautéit vum Sportlycée gratuléiert him häerzlech fir dësen Exploit a wënscht him bonne Chance a Südkorea.
Foto: Roland Miny und www.cosl.lu