Wei et mëttlerweil schonn zu enger Traditioun ginn ass, ass och dëst Joer de Kleeschen erëm an de Sportlycée komm. Hien war awer net eleng, natierlech war säin treie Kolleg, den Houseker, dobäi fir deenen net esou brav Schüler Rutten ze ginn. Awer och Boxemännercher an allerlee Kamelle goufen ausgedeelt an esouguer d'Proffe missten e puer Challengë bestoen, fir hier Schüler herno erëm ze kréien. An esou sinn de Kleeschen an seng Unhänger an Hëllefsmännercher vu Klass zu Klass gezunn an esou munch een huet no der Visite net méi selwecht ausgesinn ewéi virdrun...