Zesumme mam Sportlycée ënnerstëtzt d’FLH den Handballnowuess fir schonn am jonken Alter international Loft ze schnupperen.
An deem Kader hunn ganz rezent 3 Lëtzebuerger Jongen, de Loïc a Luke Kaysen vum HC Berchem souwéi de Charel Kirtzt vum HB Käerjeng un engem Sichtungslehrgang vum TBV Lemgo deelgeholl. Nieft dem sportleche Volet gouf natierlech de schouleschen Aspekt ganz eescht geholl. Ob eis Nowuesstalenter de Sprong an eng auslännesch Handballschoul packe, wäert sech dann an den nächste Woche weisen.
Mir drécken d’Daumen, dass hiren Dram an Erfëllung geet.