Viru kuerzem waren hei am Sportlycee 2 Leit vum Jugendparlament
op Besuch. Si hunn eis (Schüler vun der 4e, 3e an 2e) eng Kéier kuerz erklärt,
wéi d'Jugendparlament ausgesäit a wat een do vun Aktivitéiten
mécht.
Wéi si mat der Presentatioun färdeg waren, hu si
ons eng Rei vun Themen virgestallt iwwert déi mir diskutéiere
kéinten. D'Thema dat dunn ausgewielt gouf war ob d'Grenze sollen
oppe sinn oder zougemaach ginn.
Du goufe mer an 3 Gruppen agedeelt: ee Grupp
dee wëll datt d'Grenzen zou sinn, ee Grupp dee wëll datt se op sinn
an 1 Jury Team.
All Grupp huet du missen Argumenter
sichen an opschreiwen, an zum Schluss hunn du jeweils
2 Leit vun de verschiddene Gruppen géint eneen argumentéiert.
Zum Schluss huet dann d'Jury ofgestëmmt, wéiee Grupp méi iwwerzeegt huet.
Luka Mladenovic,
Schüler vun der 2eD