Méindes, den 10. Juli waren d'Schüler aus eisem Internat an de Walibi op Wavre fir d'Schouljoer ofzeschléissen. No engem flotten Dag am Park hu mir um Heemwee dem Gilles Müller säi Match géint de Rafael Nadal gekuckt an als Ofschloss zesummen Pizza am Internat giess.