Leschte Freiden de 7.7.2017 eis 7ième an eis 6ièmen vun 10.00-14.00 un engem Orientéierungslaaf Deel geholl, dee vun de Sport- a Geosproffen organiséiert gouf. D'Kanner sinn a klénge Gruppe mat Kaarten equippéiert ginn an hun misste verschidden Checkpoints am Bësch fannen. Di richteg taktesch Approche kombinéiert mat der enger geschéckter Andeelung vun de Kräfte waren déi richteg Léisung fir en gudde Score ze erreechen. No jeeweils zwou spannende Stonnen goung et duerno nees zréck an d'Schoul.