Vum 20.04. bis den 25.04. waren d'Meedercher- an d'Jongenequipe zu Budapest an Ungarn fir un der Schoulweltmeeschterschaft am Schwammen deel ze huelen. Eis zwou Equippen waren am Verglach zu hiren Konkurrenten méi jonk. Trotzdem sinn bei den 52 Starten vun eisen 10 lizenzéierten Schwëmmer, 15 B-Finallen a nach méi wichteg 21 perséinlech Beschtzäiten erreecht ginn. Nieft dem sportlechen Programm stoungen och vill kulturell Aktivitéiten um Programm, bei deenen sech déi jonk Sportler aus deenen verschiddenen Länner konnten austauschen. All Land konnt sech virstellen an och en Besuch vun der wonnerschéiner Stad Budapest war Deel vum ofwiesslungsräichen Programm. No fënnef Deeg mat engem prall gefëllten Programm an villen nei gewonnenen Andréck, ass eng ganz zefridden Sportlycéedélégatioun zréck um Findel ukomm.