Numm / Virnumm / Alter: Osch Matthieu, 17
Sportaart: Ski Alpin
Lescht Klass am Sportlycée: 3DG
A wéi enger Schoul bass du elo: HIB Saalfelden
Wou: Saalfelden an Éisträich
Wisou hues du dech fir dat Land entscheet? An Éisträich ginn et ganz gutt Skigymnasien wou een op der enger Säit ganz professionell seng Sportaart, an op der anerer Säit seng Première fäerdeg maache kann.
Wou wunns du? Ech schlofe während der Schoulzäit am Internat, an déi Weekender wann ech net op enger Course sinn, schlofen ech a mengem eegenen Appartement.
Hues du dech gutt agelieft? Bass du gutt opgeholl ginn? Am Ufank hat ech bësse Problemer mat hirem Dialekt, mee mat der Zäit geet et ëmmer besser. Sie sinn och all ganz frëndlech.
Wéi ass de Liewensstil / d‘Mentalitéit am Verglach zu Lëtzebuerg? Et sinn net vill Ënnerscheeder, ausser villäicht dat d‘Éisträicher méi gleeweg sinn.
Wéi gëss du mam Liewensstil / mat der Mentalitéit eens? Eigentlech ganz gutt, well net vill aneschters ass.
Wat vermëss de aus Lëtzebuerg? Virun allem meng Famill a meng Kollegen.
Mat wéi engen Zieler / Erwaardunge bass du dohinner gaangen? Mech am Ski ze verbesseren an trotzdem meng Première fäerdeg ze maachen.
Sinn deng Zieler / Erwaardunge bis elo erfëllt ginn? D’Resultater sinn nach net déi di ech erhofft hunn, mee ech kommen ëmmer méi no drun.
Wat ass bis elo deng schéinsten Erfahrung? Lescht Joer, wou ech bei der Jugendolympiad matgemaach hunn.
Wat ass net esou gutt gelaf? Ech hunn mech am Dezember um Domm verletzt a misst operéiert ginn, hunn awer net missten al ze laang pausen.
Hues du eng witzeg Anekdot, déi‘s du eis wëlls erzielen? Eisen Trainer seet ëmmer: „Mander (dat heescht Männer op Dialekt) Skifoan ist wie Schnitzelschneiden“.
Wéi gesäit däin Dagesoflaf aus? Normalerweis gi mir am Wanter Méindes vu 7:40h bis 15:40h, mat 45 min Mëttespaus an d’Schoul. Um 16:00h hunn mir dann normalerweis physeschen Training. Dënschdes gi mir vu 7:40h bis 13:00h an d’Schoul a Mëttes gi mir dann Skifueren. De Rescht vun der Woch hunn mir ëmmer moies Skitraining a mëttes physeschen Training. Weekends si meeschtens Coursen.
Wou gesäis du dech a 5 Joer? Et hänkt alles dovunner of ob ech d’Qualifikatioun fir Olympia 2018 packen oder net. Wann ech se packen da ginn ech wahrscheinlech no der Olympiade studéieren, a wann net, dann trainéieren ech weider fir 2022 op Peking kënne ze goen.