Am Oktober haten d’Schüler vun der 2DG an 2BC aus dem Sportlycée déi charismatesch Zäitzeien d’Madame Jacoby Georgette (* 1922) op Besuch. Déi sympathesch Madame huet den Schüler mat hirer interessanter an offener Aart a Weis vun hiren Krichserliefnisser erzielt an hinnen Froen beäntwert. Sou huet si den 2e-Schüler authentesch vermëttelt, wéi se den Alldag ënnert der nationalsozialistescher Besetzung perséinlech erlieft huet. Déi jonk ware beandrockt vun der Madame Jacoby, déi hinnen e puer zäitlos Liewensweisheeten mat op de Wee ginn huet.
D’Madame Jacoby huet ënner anerem erzielt, wéi si den Iwwerfall vun den däitschen Truppen am Joer 1940, den Déngscht am Reichsarbeits- an Kriegshilfsdienst empfonnt huet an wéi eng Konsequenzen dëst fir si, hire Papp an Lëtzebuerger allgemeng hat.
Duerch hir Schilderungen ass ënner anerem arem kloer ginn, wéi schwiereg et fir d’Lëtzebuerger war, an deem feindlechen Klima seng Meenung fräi ze äusseren.
Den Schüler gouf awer och schnell kloer, dat dës resolut Madame, obwuel si sech als Zwangsrekrutéiert hirem Schicksal huet misse stellen, sech z.B. och net am Arbeitsdienst an engem R.A.D- Lager oder am Kriegshilfsdienst huet ënnerkréien oder beaflossen loossen, well se sech selwer trei bliwwen ass. Ganz perséinlech war och hir Schilderung vun der Befreiung duerch d’Amerikaner, wou si hire spéidere Mann, den Amerikaner G. Sheehan, kennegeléiert huet.
Begleet gouf Madame Jacoby vum Här Georges Even, deen an senge Bicher Zäitzeienberichter wie z.B. déi vun der Madame Jacoby festhält, fir d’ Schicksal vun den zwangsrekrutéierten Lëtzebuerger ze honoréieren an ze dokumentéieren .
Weider Informatiounen zum Thema ginn et um Site.