Bei beschtem Wieder konnten d’Kanner aus dem Cycle 4 vun der Cécile Ries Schoul déi verschiddenst Sportarten ausprobéieren. Mat Basket, Mountain-Bike, Danzen, Dëschtennis, Schwammen, Aquagym a -bike, Beachvolley, Jiu-Jitsu Brésilien, Handball, Krav Maga, Karate & Judo, Fussball, Liichtathletik, Volleyball a Rugby war fir all Goût eppes dobäi.
D'Schüler aus dem Sportlycée a verschiddene Verbänn a Veräiner hun dozou bäigedroen, datt d'Kanner e flotten an ofwiesslungsräiche Programm erliewen.