X

Bienvenue

eduTopia est une initiative des projets d'établissement du Lycée des Arts et Métiers et du Lycée Classique Diekirch, en collaboration avec le Lycée Technique du Centre. Dans le cadre des classes "Innovative schools", les enseignants partagent ici leurs expériences et bonnes pratiques.

Apps

Trouvez des cours iTunes U, prêts à être utilisés en classe. Ces cours ont été élaborés par des enseignants de lycées luxembourgeois.

eBooks

Des enseignants vous propsent des livres numériques utiles, sous forme d'iBook ou autre.

Cours iTunes U

Découvrez les applications les plus intéressantes, testés et commentés par des enseignants du Luxembourg.

Aides et guides

Les expériences faites dans les écoles "Innovative schools" sont partagés à travers des guides et aides pratiques.

Nouveau sur edutopia

EduMoodle vs. OneDrive
SIBENALER Claude

EduMoodle vs. OneDrive

Wéi ennerscheeden se sech

EduMoodle ass opgebaut op di fräi Software Moodle an ass e gratis « Course Management System », mat deem den Enseignant e Cours kann erstellen an zum Beispill folgend Saache ka maachen:

  • Dokumenter deelen;
  • Tester erstellen a verbesseren;
  • Statistike vun de Schüler hire Resultater gesinn;
  • Presencen huelen;
  • ...

D’Schüler kënnen entweder iwwert d’App oder iwwer d’Desktop-Versioun Accès op d’Dokumenter kréien. Si kënnen zum Schluss och de Cours anonym evaluéieren.

Hei e Screenshot vun der App-Versioun vu Moodle:

Image

OneDrive ass e « File Hosting Service », mat deem ee kann Dokumenter eroplueden, synchroniséieren a sharen. Den Accès ass entweder iwwer d'App oder iwwert e Web Browser, an de OneDrive ass gratis an der Suite vum Office 365 mat dran.

Well d’Schüler jo all eng Lizenz fir den Office 365 hunn an Accès iwwert hiren  IAM, bitt sech d’Schaffe mam OneDrive un. Klassegruppe kann ee ganz einfach erstellen, well all Schüler duerch säin IAM schonn am System mat dran ass.

Den Enseignant kann decidéieren, ob en Dokument « read only » ass oder ka vun de Schüler beaarbecht ginn. D’Schüler kënne hir Aufgaben eroplueden oder gläichzäiteg un engem Dokument schaffen.

De OneDrive ass ideal, fir manner Photokopie mussen ze maachen, a gëtt de Schüler eng relativ Liichtegkeet, fir méi organiséiert ze sinn.

Hei e puer Screenshots vu Beispiller:
Image

Image

 

Kim Heuskin, Christine Jehle, LAM

 


Previous Article PhET simulations für iPad und Mac
Next Article Office 365
Print
4854 Rate this article:
No rating