X

Apps

eClicker
SIBENALER Claude
/ Catégories: Apps

eClicker

Froen erstellen a beäntwerten um iPad

Den eClicker ass ee vu ville Systemer fir de Schüler e Questionnaire um iPad zur Verfügung ze stellen. En ass nët un e Fach gebonnen.

D'Virdeeler vun dësem System sinn, datt en einfach ze benotzen ass, eng schéin opgeraumten Uewerfläch huet an och d’Resultater vun den Äntwerte iwwersiichtlech présentéiert ginn. D’Nodeeler sinn datt all iPad am selwechte lokale Wifi muss sinn an datt een d’Froe muss um iPad erstellen. Den eClicker besteet aus zwee Deeler. Den éischten Deel ass de Presenter deen e muss kafen fir d’Froen zur Verfügung ze stellen. Dat ass déi App déi den Enseignant muss hunn. Deen zweeten Deel ass den Audience dee gratis ass. Dës App mussen d’Schüler hunn.

Den Enseignant erstellt Froen an der Presenter App, woubäi och kënne Biller agebonn ginn. Fir d’Froestellung ginn et zwou Méiglechkeeten, entweeder choix multiples oder fräi Äntwerten. Déi richteg Äntwerte gi bei der Erstellung markéiert. Fir de Questionnaire ze starte ginn d’Froen an d’Waardeschläif gesat an da kënnen zwee verschidde Modi gewielt ginn : bei der « quiz session » bearbecht all Schüler d’Froe sou séier wéi e kann a kritt duerno e Resultat. Bei der « live session » beäntwert all Schüler eng Fro, da gëtt d’Resultat ausgewäert an duerno déi nächst Fro gestallt.

PS : fir während enger Sessioun de Fortschrëtt um Beamer unzeweisen muss een ënner den Astellungen den externe Schierm op « Audience » stellen.

Linken :

Audience 2: https://itunes.apple.com/lu/app/eclicker-audience-2/id943011351?mt=8

Presenter 2 : https://itunes.apple.com/lu/app/eclicker-presenter-2/id943011347?mt=8

 

Previous Article Wissenstest
Next Article Comic Head
Print
3277 Rate this article:
No rating