X

Apps

Quizlet
WEBER Claude
/ Catégories: Apps

Quizlet

Besser verhale mat Léierkaarten

Quizlet ass eng Online-Plattform. Des Plattform erméiglecht dem Notzer Léierkaarten ( z.B. Vokabelen) entweder selwer ze erstellen oder op bestehend Léierkaarten zouzegräifen.

Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, fir mat deene Léierkaarten op spilleresch Aart a Weis ze léieren, ze lauschteren, ze üben oder esou guer ze testen ob een den Inhalt weess. Duerch déi verschidden Approchen, fillt de Notzer sech méi motivéiert sech Wëssen unzeeegnen.

Den eegene Fortschrëtt gëtt ausgewäert oder et kann een och mat Frënn eng Kompetitioun maachen. Et ass méiglech (z.B. als Enseignant) Gruppen ze erstellen an mat bestëmmte Klassen oder eenzel Schüler Léierkaarten ze deelen. Ausdrécke kann een d’Inhalter och.

Den Virdeel vu Quizlet ass, dat een iwwert eng App d’Inhalter, Spiller an Tester och op mobil Geräter (iOS, Android) notzen kann.

Next Article eClicker
Print
3885 Rate this article:
No rating