X

Aides, guides et autres contenus

SimpleShow  - Erklärvideo
SIBENALER Claude

SimpleShow - Erklärvideo

Mat SimpleShow-Videoen Examenstexter vun de Schüler fir d’Schüler erkläre loossen

SimpleShow ass e Konzept fir liicht verständlech Erklärvideoen zu bestëmmten Themen ze erstellen.

SimpleShow ass en däitscht Konzept wat sech zum Ziel gesat huet, komplex Iddien einfach a verständlech ze erklären. Hir Grënnergeschicht gesi Dir hei: Simple Show - About Us

Hei och e Beispill vun enger original SimpleShow: SimpleShow - Zur Stressbewältigung

D’Konzept passt immens gutt an d’Schoul wou een et fir peer-teaching asetze kann. An dësem PDF fann Dir Instruktiounen (op Däitsch) fir ären eegene Projet op ärer Klass: SimpleShow Handreichung fir d’Schoul.

Praktesch Detailer:

  • 4-5 Schüler pro Grupp
  • E grousst, wäisst Stéck Karton
  • Eng Videoluucht / gutt Beliichtung
  • En externe Mikro fir besser Soundqualitéit
  • E Stänner / eng Halterung fir den iPad kappiwwer ze befestegen an esou den Dësch / d’Hänn /d’Biller ze filmen
  • Duerno d’Videoen mam iMovie o.ä. schneiden an op OneDrive uploaden / sharen
  • Videoen am OneNote vun der Klass integréieren sou datt d’Schüler se kucke kënne fir sech op den Examen virzebereeden.

D'Schüler an Aktioun:

Image

Resultater op der 13SOF 2015-2016 am Lycée technique du Centre:

SimpleShow - 13SO article - Censoring Wikipedia

SimpleShow - 13SO article - iSlave

Anne Scheer, LTC

 

Previous Article Réaliser un film d'animation sur iPad
Next Article Edublogs
Print
3049 Rate this article:
No rating