X

eduBlog

Restez-informés! Toutes les actualités autour des TIC dans l'éducation nationale.

 
Event date: 04/12/2018 15:00 - 18:00 Export event

OneNote a Class Notebook am schoulesche Kontext notzen - um Computer an um iPad

IFEN - eduPôle Walferdange - bâtiment 6

Zielsetzung

Wëssen

D’Participante kennen:
- OneNote a Class Notebook
- Methoden, de OneNote a Class Notebook an der Unterrechtsvirbereedung an am Unterrecht mat de Schüler/-innen, sënnvoll anzesetzen.

Kënnen

D’Participanten si capabel:
- sech an den Office 365 anzeloggen
- e OneNote Notebook ze erstellen an ze beaarbechten
- e OneNote Class Notebook ze erstellen an ze geréieren
- Contenu op de One Note a Class Notebook eropzelueden an ze organiséieren
- Contenu mat hire Schüler iwwert e Class Notebook ze deelen an hinnen Aufgaben digital auszedeelen
- de Schüler Feedback iwwer Class Notebook ze ginn
- de OneNote um iPad ze benotzen.

Attitüden

D’Participante ginn dozou bruecht:
- nozedenken, wéi si mat Hëllef vu OneNote Class Notebook hire Schüler Material digital zur Verfügung stelle kënnen
- Inspiratiounen ze sammelen, wéi si hire Cours mat OneNote Class Notebook méi interaktiv gestalte kënnen
- éischt Ureegungen ze kréie wéi ee mam OneNote Class Notebook nom "Flipped Classroom" Prinzip schaffe kéint.

Inhalt

An dëser Formatioun geet et drëms de OneNote an de Class Notebook, an déi villfälteg Méiglechkeeten déi sech mat deem Outil ubidden, kennenzeléieren. Mir weise wéi een e One Note Class Notebook erstellen, benotzen a geréiere kann. D'Participante léiere wéi een seng Schüler, resp. aner Enseignanten, an e Class Notebook afüge kann, wéi ee Contenu eroplueden a säi Cours strukturéiert gestalte kann, wéi een de Schüler Aufgaben digital ausdeele kann a villes méi. Och gëtt d'Benotzung vum OneNote um iPad diskutéiert a gekuckt wéi eng Ënnerscheeder d'iPad App an hirer Benotzung par Rapport zum OneNote um Computer opweist.

Arbeitsformen

- Presentatioun an Demonstratioun
- praktesch Aarbechten
- Diskussioun

Referent

Formateur/-trice EduTec

Anmerkung

Dir musst d'Passwuert vun Ärem IAM Login kennen.

Print
«mai 2023»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
24252627282930
1234567
891011121314
15161718192021
22232425262728
2930311234

Autres actualités

123456