Makerfest - Winter edition
Forum Geesseknäppchen
BEE CREATIVE a seng Partner invitéieren Iech op hir Wanter-Editioun vum Makerfest, den 17. an 18. Dezember 2018 am Forum Geesseknäppchen. Viirkenntnisser braucht Dir keng, just Fiirwëtz, en Interessi fir nei Technologien a Loscht um Kniwwelen. Ateliere fir Grouss a Kleng maachen d’Makerfest zu engem flotte Rendezvous fir Klassen aus dem Fondamental a Secondaire, fir Gruppen aus Maisons Relais a Jugendhaiser a fir Familljen. Fir jiddereen ass eppes dobäi.
Mellt Iech un!