An dëser Formatioun geet et drëms de OneNote an de Class Notebook, an déi villfälteg Méiglechkeeten déi sech mat deem Outil ubidden, kennenzeléieren. Mir weise wéi een e One Note Class Notebook erstellen, benotzen a geréiere kann. D'Participante léiere wéi een seng Schüler, resp. aner Enseignanten, an e Class Notebook afüge kann, wéi ee Contenu eroplueden a säi Cours strukturéiert gestalte kann, wéi een de Schüler Aufgaben digital ausdeele kann a villes méi. Och gëtt d'Benotzung vum OneNote um iPad diskutéiert a gekuckt wéi eng Ënnerscheeder d'iPad App an hirer Benotzung par Rapport zum OneNote um Computer opweist.