X

Articles récents

Ressources

Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment. 

En savoir plus

Services

Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration. 

En savoir plus

Actualités et informations

"Blitzrechnen" mat den Elteren

aktiv Elterenaarbecht am Beräich Mathé

Wat hu mer gemach?
Uschléissend un d'Eltereversammlung ass een Blitzrechen-Owend duerchgefouert ginn, wou net nëmmen den Programm "Blitzrechnen" erkläert ginn ass, mee wou d'Elteren och selwer déi eng oder aner Übung ausprobéiert hunn.
Den Elteren gouf mat Hëllef vun engem Powerpoint d'Ziler, d'Material an den Oflaf vum Blitzrechnen erkläert. D'Partnerschaft vun der Schoul an Elteren gouf verdäitlecht, well op d'Karteien an der Klass opmierksam gemaach an drop higewisen gouf, dass d'Übungen an der Schoul agefouert ginn an doheem sollen weider geüübt ginn.
No der theoretescher Presentatioun ass et méi praktesch ginn. D'Eltere souzen all bei engem Atelier, wou eng Übung aus dem Blitzrechnen zesumme mat der Erklärung an dem Material op der Bänk louchen. D'Erklärungen sinn op franséisch an op däitsch geschriwwe ginn; dobäi dann och e Bild, wat selbsterkläerend war.
Ewell virun der Eltereversammlung waren d'Bänken esou zesummegesat ginn, dass d'Atelieren erkennbar waren an d'Eltere zu 2 hu missten beieneen setzen.
Firwat hu mer et gemach?
De Programm „Blitzrechnen“ ass een festen Bestanddeel an eisem Unterrechtsalldag. Dëse soll och weider doheem ausgebaut ginn.
"Blitzrechnen" als Trainingsprogramm soll den Schüler hëllefen méi standfest am Kapprechnen ze ginn.
D'Eltere spillen do eng enorm wichteg Roll als Rechetrainer. All Kand soll een Rechentrainer hunn, deen de Zäitraum/Dauer vun der Übung festleet an deen seng Fortschrëtter suivéiert an och ënnerstëtzt.
Eis Erfahrungen:
D'Rechen-CD kann leider vu ganz ville Kanner net genotzt ginn, well si keen Computer hunn, sou dass et wichteg ass, hinnen aner Alternativen zum Üben unzebidden.
D'Eltere hunn den Owend interesséiert nogelauschtert an och an den Dokumenter (sliden vum Powerpoint) gebliedert an sech d'Übungen genee ugekuckt. All hunn se déi Dokumenter och mat Heem geholl. Et si Froen zum theoreteschen Deel an och zum Prakteschen gestallt ginn.
D'Erklärungen/Biller ginn den Eltere net duer fir d'Zil an d'Ëmsetzung vun enger Übung ze erkennen; firwat et wichteg ass, dass déi Übungen an der Schoul well antrainéiert ginn an vun den Schüler verstane sinn. Während dem Owend, war bei den Elteren eng gewëssen Onsécherheet ze bemierken. Och war d'Material villen Elteren net bekannt an och net bewosst, dass d'Schüler d'Übungen souzesoen all Dag dobäi hunn (wann een z.B. Récksäit vum Arbeitsheft kuckt).
De Programm „Blitzrechnen“ ass een festen Bestanddeel an eisem Unterrechtsalldag. Dëse soll och weider doheem ausgebaut ginn.
"Blitzrechnen" als Trainingsprogramm soll den Schüler hëllefen méi standfest am Kapprechnen ze ginn.
D'Eltere spillen do eng enorm wichteg Roll als Rechentrainer. All Kand soll een Rechentrainer hunn, deen de Zäitraum/Dauer vun der Übung festleet an deen seng Fortschrëtter suivéiert an och ënnerstëtzt.

-       

Wat gewënnt de Schüler:   Wat gewënnt den Enseignant:
 een weideren Trainingspartner
Übung + Sécherheet am Kapprechnen

Een staarke Partner
(de Lien zwëschent Enseignant, Elteren an Schüler gëtt gefestegt)

Zäit 

Wéi kinnt et anescht sinn/goën?
Eenzel Gespréicher mat den Eltere sichen fir d'Onsécherheet aus hirer Roll als "Rechetrainer" ze huelen. Sou am grousse Grupp ass et wahrscheinlech, dass d'Eltere net all Froe gestallt hunn, resp. vermidden hunn aner Übungen auszeprobéieren fir eng eventuell Onsécherheet ze verstoppen.
An engem nächsten Blitzrechen-Owend bewosst d'Elteren dozou opruffen och aner "Rechentrainer" mat zum Owend zu bréngen: grouss Schwëster/Brudder vum Schüler, Grousseltere, Kollegen vun der Famill... déi och doheem mam Kand Übungen widderhuele kënnen (z.B. am Fall wou Eltere bis owes spéit schaffe).

 

 

Publié: déc. 1, 2016,
Comments: 0,
Tags:

Dates à retenir

Calendrier

«septembre 2024»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2627282930311
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30123456