X

Articles récents

Ressources

Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment. 

En savoir plus

Services

Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration. 

En savoir plus

Actualités et informations

Projet "Alles ass ronn" am C1

Projet "Alles ass ronn" am C1

Wéi ass de Projet entstannen?
D’Jessica (6 Joer) hut  am Moieskrees séngt Bild gewisen ob deem hatt ganz vill Rondele gemolt hat.
Ganz lang hun d’Kanner diskutéiert wat alles ronn wier a wou éen iwerall ronn Sache géif fannen.
Direkt hu mir eis ob d’Sich no Ronn an eiser Klass gemach, a Mëttes se mir mam Fotoapparat duerch Duerf gangen.

Aktivitéiten déi mir während dem Projet gemach hun
Matt ronne Sachen stempelen
Vun de Fotoen vun eisem Spazéiergang alles Ronnes nomolen
Ronn Béierdéckelen molen an zu engem Mobilé unenéensetzen
Aus Plastiksstëpp ée Mobilé machen
Matt Stëpp Mandalaen a Biller léen
Mandalaen matt verschiddenen Faarwen fierwen ( Guache, Wasserfaarf, Stëften)
Aus Bandeletten Girlande bastelen
Biller vum Vassily Kandinsky ukucken an déi Biller nomolen oder pëschen
Aus Papier mâché an engem Loftball Bulle machen
Aus Lehm Rondelen ausstechen an zu engem Mobilé unenéensetzen
Jicken iwert Papeier rulle lossen
Matt Autoen duerch d’Faarf an dann iwert Tapéit rullen
Rondele matt Schablounen a fräi zeechnen
Pangécher backen
An nach vill kléng Aktivitéiten

Enn vum Projet
Mir hun dat ganzt 2.Trimester un eisem Projet geschafft. Zum Schluss hu mir eng Ausstellung fir d’Eltere gemach. Hei kruten d’Eltere vun hiere Kanner déi verschidden Aktivitéiten déi mir während dem Projet gemach hun erkläert a sie konnten a verschiddenen Atelieren selwer ausprobéieren.

Weiderféierung

No eiser Ausstellung, déi och den C2 an déi anner Klassen aus dem C1 besiche koumen, wollten d’Kanner eng Ausstellung iwert Eckig machen. Mir hun dono an engem Miniprojet eckig behandelt, hun ewer keng Ausstellung méi gemach.

C1 Schoulkauz Wëlwerwoltz

 
Publié: juil. 11, 2016,
Comments: 0,
Tags:

Dates à retenir

Calendrier

«septembre 2024»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2627282930311
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30123456