X

Articles récents

Ressources

Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment. 

En savoir plus

Services

Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration. 

En savoir plus

Actualités et informations

Tafelfussball

Tafelfussball

Vokabeltraining

Wat hu mer gemach?

Beim Tafelfussball gëtt d’Tafel an 2 gedeelt (Fussballfeld mat rechts a lénks engem Goal) an e Magnéit (Ball) an d’Mëtt gesaat. De Magnéit wandert dono am Fussballfeld iwwer verschidde Punkten hin an hier.
D’Klass gëtt an 2 Gruppen agedeelt (rout a blo). D’Gruppe stelle sech rechts a lénks vum Fussballfeld virun d’Tafel. Den 1. Schüler aus all Grupp kritt e Vokabel (jidfereen en anert Wuert) op Däitsch gesot a muss d’Wuert richteg op Franséisch un d’Tafel schreiwen.
Dono kënnt den 2. Schüler un d’Rei. Deen 1. Schüler stellt sech da rem hannen un.
Punkteverdeelung:
Bsp: D’Grupp A huet de Vokabel richteg, d’Grupp B huet en falsch. à De Magnéit (Ball) wandert also méi no a Richtung Goal vun der Grupp B. Wann d’Grupp A nach en 2. Vokabel richteg huet an d’Grupp B deen falsch huet, da gëtt et e Goal fir d’Grupp A an de Magnéit steet rem an der Mëtt vum Feld. Esou kann all Grupp hir Punkte sammelen an d’Vokabelen trainéieren.
Firwat hu mer et gemach?
Vokabeltraining, Verbentraining,...
Spaass um Léieren
Üben
Wéi kann ech meng Vokabelen léieren? (prononciatioun + orthographe)
...
Eis Erfahrungen:
D’Schüler spillen dat Spill ganz gäer a sinn immens motivéiert.
Vokabeltraining, dee Spaass mëscht.
Och déi Schüler, déi grad net un der Reih sinn kënnen fir sech selwer kontrolléieren op si de gefrote Vokabel géife wëssen.
D’Kanner froe regelméisseg op mir Tafelfussball kënne spillen.
Differenzéieren ass gutt méiglech, andeems een deene méi schwaache Schüler méi einfach Wierder gëtt.
Wat gewënnt de Schüler?- Wat gewënnt den Enseignant?
Widderhuelung vun de Vokabelen/Verben,... op spilleresch Manéier
„Konkurrenz“ zwëscht de Gruppen bréngt mat sech, datt d’Schüler genau nodenken wéi e Vokabel geschriwwe gëtt  a schreiwen net einfach wëll drop lass.
Spass um Léieren
Doduerch datt all Schüler puer mol un d’Reih kënnt, vermeid een datt et ëmmer nëmmen déi selwecht sinn, déi matschaffen.
Eventuell léieren d’Schüler doheem oder an der MR mat dëser Method. 
Wat verléiert de Schüler? - Wat verléiert den Enseignant?
Beim Tafelfussball muss e bësse méi Zäit aplangen. Et kann een net all zweeten Dag Tafelfussball spillen fir z.B. d’Vokabelen ofzefroen, well een soss ze vill Zäit verléiert a net méi vill anescht an där Stonn geschafft kritt.
Wann et deen een oder deen aner Schüler gëtt, dee seng Vokabelen reegelméisseg net léiert, riskéiert een, datt déi aner Schüler rose mat deem sinn an de Géck mat deem maache, well hir Grupp vläicht duerch dëse Schüler verluer huet. 
Wéi kinnt et anescht sinn/goën?
Tafelfussball kann een a ganz ville Situatiounen a Fächer benotzen:
Widderhuelen/Üben
Aféieren vun engem neien Thema (Wat wësse meng Schüler schon?)
Ofschléisse vun engem Thema als „Quiz“ (Wëssen offroen)
Fir net zevill Zäit ze verléieren, kann een sech och vun Ufank un eng Grenz sëtzen oder mat enger Sandauer spillen.
Variatioun: Wann eng Grupp eng falsch Äentwert gëtt, kritt déi anner Grupp en zousätzlechen Punkt

C4 Schoul Reenert


Weider Erfahrungen:

Tafelfussball (Format A4):
Eng Ergänzung zum Spill op der Tafel. D’Regele bleiwen déi selwecht just dass Kanner a méi klenge Gruppe spille kënnen (zu 2 oder zu 4), soudass si méi dacks un d’Rei kommen.
Entweder kann een et an der Klass gemeinsam spillen: Verben, Vokabelen, Rechnungen,… si fir déi ganz Klass déi selwecht a gi zum gläichen Zäitpunkt un d’Schüler gestallt. Hei spillen da méi Kanner gläichzäiteg op hirem Bureau an an hirem Grupp mee d’Aufgabestellung bleift déi selwecht fir jiddereen.
Et ass awer och méiglech kleng Käertercher ze maache wou Vokabelen, Rechnungen, Verben, asw dropsti soudass all Grupp a sengem Rhythmus schaffe kann. De Prinzip vum Spill bleift déi selwechten.

C4 Schoul Mäerzeg


 


 

 

 

 

 

 

 

 

 
Publié: juil. 6, 2016,
Comments: 0,
Tags:

Dates à retenir

Calendrier

«septembre 2024»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2627282930311
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30123456