X

Articles récents

Ressources

Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment. 

En savoir plus

Services

Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration. 

En savoir plus

Actualités et informations

mäi "geheime" Frënd

mäi "geheime" Frënd
Wat hu mer gemach?

An enger Këscht si kleng Ziedelen. Op all Ziedel steet een Numm vun engem Schüler aus der Klass.
Emol an der Woch zitt jiddwer Kand säi geheime Frënd. Bis op de Schüler gesäit soss keen de Numm den um Ziedel steet.
Während enger Woch versicht dat Kand sengem geheime Frënd ze hëllefen, et ze ënnerstëtzen oder einfach och nëmme fein/léif mat him ze sinn.
No enger Woch gëtt dann zesumme gekuckt:
-       Ween war de geheime Frënd? (Schüler dierfe Vermuddungen ofginn oder och deen, dee gezunn huet, erzielt wien en als geheime Frënd hat)
-       Wat huet hien/hat fir de geheime Frënd gemaach?
-       Ass dem geheime Frënd dat opgefall? Wéi huet hien/hat dat fonnt?
-       Eventuell Problemer gi gekläert

Firwat hu mer et gemach?
Haaptgrond: Integratioun vun engem Schüler, den nach net sou richteg Uschloss un d’Klass fonnt huet.
Bezéiung zwëschent allen Schüler gëtt gestäerkt.
Opmierksamkeet bei allen Schüler gëtt gefërdert,
-       hiert Verhalen vis-à-vis vun aneren Kanner: „wat muss ech maachen fir dass hien/hatt sech wuel fillt?
Wat mëscht een aneren fir mech wat mir eent gutt Gefill gëtt?
Eis Erfahrungen:(Schüler, Léeirpersoun, Erzéiher, Elteren)
A punkto Integratioun:
De geheime Frënd huet festgestallt, dass de „neie Schüler“ och léif Saache maache kann. De „neie Schüler“ huet festgestallt, dass hien een neie Frënd fir sech gewonnen huet.
- Nei Frëndschafte kennen entstoen
A punkto Schüler-Schüler-Bezéiung:
- respektvollen Ëmgang
- Schüler erziele mat Freed wat si fir hire geheime Frënd gemaach hunn an och de geheime Frënd erzielt vu sengen Erfarungen.
Wat gewënnt de Schüler? 
- Méi staark oder nei Frëndschaften
- Méi Kontakt mat Kanner, wou si generell net esou sichen
- Zesummenhalt an der Klass
- Gutt Gefill-eppes Guddes gemaach ze hunn an och Guddes zeréck ze kréien
Wat gewënnt den Enseignant:
- wäertschätzenden Ëmgang
- Interessant Aussoen/Reflexioune vu Kanner z.B. wéi si hir Gefiller beschreiwen
Schwieregkeeten déi bei den Schüler optriede kënnen?
Am Ufank hu verschidde Kanner genervt reagéiert, well si ganz séier erausfonnt hunn wien si gezunn huet, well dat Kand ze dacks, ze opfälleg, ëmmer „Moien“ sot oder och ëmmer „wéi geet et dir“ gefrot huet.
Schwieregkeeten déi beim Enseignant optriede kënnen?
den Enseignant muss séier reagéiere, soll e Kand e geheime Frënd gezunn hunn, den him net gefält.
Reflexioun no enger Woch ass wichteg
Ähnlech Iddien
„Dat hues du gutt gemaach“: Lëscht mat den Nimm vun de Kanner. Positiv Beobachtungen duerfen do notéiert ginn, vum Enseignant mee och vun de Kanner.
„Warme Dusche“:Am Sëtzkrees geet ee Kand an d'Mëtt, déi aner ronderëm maachen dem Komplimenter.

C3 Reenert

 


 
Publié: janv. 8, 2017,
Comments: 0,
Tags:

Dates à retenir

Calendrier

«septembre 2024»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2627282930311
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30123456