X

Articles récents

Ressources

Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment. 

En savoir plus

Services

Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration. 

En savoir plus

Actualités et informations

Ritual: Geschicht virliesen

Ritual: Geschicht virliesen

(an der Adventszäit oder zu enger anerer Zäit ;-)

Wat hu mer gemach?

All Dag gëtt e Kapitel vum Buch „Schnauze, es ist Weihnachten!“ vum Karen Christine Angermayer virgelies. (No engem Weekend, gi Méindes dann 3 Kapitel virgelies.)
Et ass eng Adventsgeschicht mat 24 Kapitel; et geet ëm een Hond an eng Kaz déi zesummen dës Zäit erliewen.
Et ass awer och e Buch, wou d’Thema Frëndschaft am Virdergrond steet. De Bruno an d’Soja hunn sech virdrunner net kannt an déi zwee sinn och sou verschidden, dass eng Frëndschaft zum Ufank onméiglech schéngt.
Zesummen am Sëtzkrees (jiddereen huet säi Këssen), mat enger Käerz an der Mëtt, soll eng gemittlech Stëmmung opkommen.
Firwat hu mer et gemach?
Ritual fir ee gutt „Ukommen“ an der Schoul
Virliese fir d'Interesse u Bicher ze fërderen
Eis Erfahrungen:
Schüler freeën sech virgelies ze kréien. Ouni, dass d’Léierpersoun eppes soe /resp. d’Schüler drun erënneren muss, sëtzen d’Kanner sech direkt beim Erakommen an de Krees. Si stellen vill Froen zum Buch. Dacks sinn si esou an d’Geschicht verdéift, dass wann den Hond oder d’Kaz sech Froe stellen, d’Schüler schonns dorobber äntweren.
Als Léierpersoun erliewen ech eng absolut Rou während dem Virliesen. D’Kanner sëtzen oder leeën sech an de Krees, jee nodeem wéi si sech fillen mee dat Ganzt fënnt an enger Atmosphär statt, wou keen sech gestéiert fillt.
Wat gewënnt de Schüler?
Freed um Liesen
Lieskompetenz
Eng ënnerlech Rou
Wat verléiert den Enseignant?
Ë bësschen Zäit
Wéi kinnt et anescht sinn?
E Buch virliesen, passt net nëmmen an d'Adventszäit ;-)

C3 Reenert

 

 


 
Publié: janv. 8, 2017,
Comments: 0,
Tags:

Dates à retenir

Calendrier

«septembre 2024»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
2627282930311
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
30123456