Dans le domaine "ressources" on essaye de mettre à disposition desenseignants un recueil de ressources pédagogiques leur permettant de rencontrer les défis du quotidien différemment.
En savoir plus
Dans le domaine "rubrique" on essaye de mettre à disposition des Tags enseignants un référentiel de services et d’informations de l’arrondissement et de l’éducation nationale afin de simplifier les tâches ...... d'administration.
Wéi ass de Projet entstannen? D’Jessica (6 Joer) hut am Moieskrees séngt Bild gewisen ob deem hatt ganz vill Rondele gemolt hat. Ganz lang hun d’Kanner diskutéiert wat alles ronn wier a wou éen iwerall ronn Sache géif fannen. Direkt hu mir eis ob d’Sich no Ronn an eiser Klass gemach, a Mëttes se mir mam Fotoapparat duerch Duerf gangen.
Aktivitéiten déi mir während dem Projet gemach hun Matt ronne Sachen stempelen Vun de Fotoen vun eisem Spazéiergang alles Ronnes nomolen Ronn Béierdéckelen molen an zu engem Mobilé unenéensetzen Aus Plastiksstëpp ée Mobilé machen Matt Stëpp Mandalaen a Biller léen Mandalaen matt verschiddenen Faarwen fierwen ( Guache, Wasserfaarf, Stëften) Aus Bandeletten Girlande bastelen Biller vum Vassily Kandinsky ukucken an déi Biller nomolen oder pëschen Aus Papier mâché an engem Loftball Bulle machen Aus Lehm Rondelen ausstechen an zu engem Mobilé unenéensetzen Jicken iwert Papeier rulle lossen Matt Autoen duerch d’Faarf an dann iwert Tapéit rullen Rondele matt Schablounen a fräi zeechnen Pangécher backen An nach vill kléng Aktivitéiten
Enn vum Projet Mir hun dat ganzt 2.Trimester un eisem Projet geschafft. Zum Schluss hu mir eng Ausstellung fir d’Eltere gemach. Hei kruten d’Eltere vun hiere Kanner déi verschidden Aktivitéiten déi mir während dem Projet gemach hun erkläert a sie konnten a verschiddenen Atelieren selwer ausprobéieren.
Weiderféierung
No eiser Ausstellung, déi och den C2 an déi anner Klassen aus dem C1 besiche koumen, wollten d’Kanner eng Ausstellung iwert Eckig machen. Mir hun dono an engem Miniprojet eckig behandelt, hun ewer keng Ausstellung méi gemach. C1 Schoulkauz Wëlwerwoltz