Chrëschtdag steet virun der Dier.
Dofir hu mir eis geduecht, mir géifen een Adventskalenner bastelen, dee voll gepaakt ass mat Aktivitéiten aus verschiddene Beräicher vum Medienkompass.
Am Dezember kënnt dir all Dag bis de 17.12. eng kleng digital Dierchen opmaachen, hannert där sech dann entweder e klengt Rätsel oder eng interessant Ressource fir Kleng a Grouss aus dem Beräich vum Medienkompass verstoppt.
Beim Léise vun de Rätsele kritt d‘Klass all Dag zum Schluss ëmmer eng oder méi Zuele matgedeelt. Dës ginn dann mat schwaarzer Faarw um Poster mam QR Code agedroen. Um Enn (17.12) waart dann och mam fäerdege QR Code eng kleng Iwwerraschung op iech.
Mir wënschen iech an äre Schüler vill Spaass mat dëser zweeter Editioun vum Adventskalenner 2021.
Mat frëndleche Gréiss aus dem Wanterbësch 🎄
D’Equipe vun den ICN (instituteurs spécialisés en compétences numériques)