Bei eis am Sand leeft vill, wat eis an eise Kanner Freed mécht. Op Initiative vum Grupp "Lieu de parole" hunn d'Kanner aus de Klassen e Bild zum Thema "Glücksmomente in der Schule" gemoolt. Et geet drëms, fir de Kanner bewosst ze man, wivill schéi Momenter se an der Schoul erliewen a sou dann zum "Bien-être à l’école" bäizedroen. Eis online Billerausstellung gëtt bis zur Summervakanz ëmmer nees ergänzt.