E puer Tippen fir Problemer beim Printen oder Verschaffe vu Fotoen ze vermeiden:
- Dee sechersten a séierste Wee fir ze printen ass vum Harddisk vum Computer aus (direkt aus dem Internet oder vun engem USB-Stick oder externen Harddisk geet och, mee do ginn et méi Méiglechkeeten, dass mol eppes schiefleeft.
Ween op Nummer Sëcher wëll goën, zumols bei gréissere Saachen, dee späichert et fir d’éischt op den Harddisk a print et da vun do.)
- Digital Fotoapparaten kënnen haut Fotoen mat enger ganz héiger Opléisung maachen. Fir eng gudd Qualitéit an enger normaler Gréisst brauch een dat ewer net. Den Nodeel ass nämlech, dass dat ganz grouss Dateien ginn, déi onnéideg vill Späicherplaatz anhuelen a wou och d’Verschaffen (kucken, dréien, abannen, printen) vill méi laang dauert. Stellt äere Fotoapparat esou an, dass en d’Fotoen mat 5-6 Millioune Pixel mecht, dat geet déck duer fir d’Foto an enger ganz gudder Qualitéit op A4 ze printen.
Faustregel: Die Pixelzahl geteilt durch hundert ergibt in etwa das Ausgabeformat in Zentimeter, bei dem noch gut (mit 300 dpi) ausgedruckt werden kann. (Demno géngen z.Bsp. 6 Mio Pixel (Bsp. 3000 x 2000 Pixel) duergon fir eng Foto a gudde Qualitéit am Format 30 cm x 20 cm ze printen.)