X

Filtrer les articles par catégorie

            

... bei Problemer mat SCOLARIA?

Allgemeng Froen zum Scolaria?
Helpdesk Scolaria
Véronique Krier
Cyprian Ridelle
Tél.: 247-85958
E-Mail: admin.scolaria@men.lu

Problemer beim Aloggen?
Luxtrust-Helpdesk
Tél.: 24 550 550 (LU-VE 8h00-18h00)
E-Mail: helpdesk@luxtrust.lu
Web: https://www.luxtrust.lu

Froen ronderëm d'Enregistrement vum Certificat bei IAM?
CGIE Helpdesk
Tél.: 247-85999 (LU-CE 8h00-17h00)
E-Mail: helpdesk@cgie.lu
Web: http://portal.education.lu/cgie/prestations/luxtrust.aspx

...bei technesche Froen zu der @education.lu Emailadress?

Helpdesk Restena
Tél. 424409-1
E-mail: helpdesk@restena.lu
www.restena.lu

 

... bei Froen zu den Iwwerstonnen am Fondamental?

Georges Strauss
Tél. : 247-85931
E-mail : Georges.Strauss@men.lu

...fir d’Décharges ministérielles, Services à temps partiel, Congé maternité a Congé parental, Postes à responsabilité particulière?

Décharges ministérielles
Hilbert Françoise
Tél.: 247 85288
E-mail: 
decharges.ef@men.lu

Services à temps partiel, Congé maternité a Congé parental vun de Fonctionnairen
Enseignants.ef@men.lu

Postes à responsabilité particulière
Georges Strauss
Tél. : 247-85931
E-Mail:
Georges.Strauss@men.lu 

 

 

 

 

 

 

 

... bei Froen zu menger Pei, den afgehalene Steieren, de Recalculs..?

Ausser Dir hutt explizit eng Fro zu der Zuel vu bezuelten Iwwerstonnen wennt Dir Iech am beschten direkt un d'CGPO (Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État) a méi speziell un dee Kontakt, deen uewe lénks op Ärem Peiziedel steet.

... fir d'Epreuves préliminaires an de Concours réglant l'accès au stage préparant à la fonction d'instituteur?

Tél. 247 56495
E-mail: preliminaires.ef@men.lu
E-mail: concours.ef@men.lu

... bei Froen zu Remplacementer, CDD-Kontrakter, Déclarations de remplacement

Allgemeng Froen?
Service Ressources Humaines - MENJE
E-mail: charge.ef@men.lu

Fir d'Autorisatioune fir de Stage ze maache fir ersetzen ze goen & Attestations habilitants à faire des remplacements
Jean-David Konsbrück - Gestion des Dossiers
Tél.: 247-66465
E-Mail: remplacement.ef@men.lu 

... bei Froen zu Gesetzer, Reglementer & instructions de service am EF?

Jessica Feltes
Tél. 247 85121
E-mail: jessica.feltes@men.lu 

Claire Bergdoll
Tel. 247 56461
E-Mail: claire.bergdoll@men.lu

...bei Froen zu den Règlements d’ordre intérieur an de Règlements d’occupation des postes?

Georges Strauss
Tél. : 247-85931

E- Mail: Georges.Strauss@men.lu 

...bei Froen zum Contrôle vum Respekt vun der Obligation scolaire?

Cyprian Ridelle
Tél.: 247-85149
E-Mail: Cyprian.Ridelle@men.lu

...bei Froen ronderëm d'Schoulorganisatioun?

Michel Schiltz
Tél.: 247-95922
E-Mail: Michel.Schiltz@men.lu 

...bei Froen iwwert d'Demandes de surplus?

Véronique Krier
Tél.: 247-85254
E-Mail: Véronique.Krier@men.lu 

...bei Froen zu de Schoulgebaier?

Nathalie Even
Tél.: 247-85210
E-Mail: Nathalie-Even@men.lu 

... fir d'Demande de dispense de fréquentation scolaire

Françoise Hilbert
Tél. 247 85288
Email:
francoise.hilbert@men.lu

...bei Froen ronderëm d'médiateurs interculturel?

Service de l'intégration et de l'accueil scolaires (SIA)
Tél.: 247-76570
E-Mail: secretariat.sia@men.lu 

...bei Froen zum Passage vum Fondamental an de Secondaire?

Allgemeng Froen?
Nathalie Even
Tél.: 247-85210
E-Mail: Nathalie.Even@men.lu 

Epreuves communes:
Groupe de coordination PFS
Livius Palazzari, tél. 247-85925
Email: pfs@men.lu

... bei Froen zu den Epreuves standardisées?

Senad Karavdic
Tel. 247 65288
E-mail: senad.karavdic@men.lu

www.epstan.lu 

...bei Froen ronderëm den Homeschooling?

Danielle Heintz
Tél.: 247-76588
E-Mail: Danielle.Heintz@men.lu

Laurence Schmitz
Tél.: 247-85270
E-Mail: Laurence.Schmitz@men.lu

Sandy Rausch
Tél.: 247-76587
E-Mail: Sandy.Rausch@men.lu

...bei Froen zur Summerschool?

Cyprian Ridelle
Tél.:247-85149
E-mail: Cyprian.Ridelle@men.lu 

Ech hu mäi Luxtrust Stick/Token verluer / futti gemeet / geklaut kritt.

Wann Dir Äre Luxtrust-Stick oder -Token verluer hutt oder e futti ass, a wann Dir nach een aneren Token, z.B. vun Ärer Bank hutt, kënnt Dir deen einfach och fir Scolaria benotzen. Enregistréiert en duerfir just eemoleg op http://iam.education.lu

Wann Dir een neie Luxtrust-Produit braucht, musst Dir deen ale fir d’éischt bei Luxtrust iwwer Telefon (24 550 550) revokéiere loossen, ir Dir Iech den Dag duerno een neien op www.iam.education.lu  bestelle kënnt. Dir kritt vu Luxtrust um Telefon d’Sécherheetsfroë gestallt, déi Dir am Kader vun der Aktivatioun festgeluecht hat.

Ab dem Dag no der Revokatioun kënnt Dir Iech erëm (fir Iech gratis) op http://iam.education.lu  een neie Luxtrust-Token bestellen. Loggt Iech duerfir mat Ärem IAM-Login & Passwuert an de 'Bureau virtuel (3. Rubrik op der Startsäit) an a klickt op 'Etape 1 - Commande de certificat électronique'. Bei dëser Prozedur gitt Dir d'Nummer vun Ärem Postcheck-Kont gefrot an déi läscht Ziffere vun Ärer Carte d'identité. No der Bestellung dauert et am Prinzip 1-2 Wochen, bis Dir den Token an d'Coden an 2 separaten Envoi'en heemgeschéckt kritt.

Een neie Luxtrust-Produit (STick/Token/Kaart) muss fir d'éischt aktivéiert ginn, ir e ka benotzt ginn. Dir hutt 60 Deeg Zäit, fir dësen z'aktivéieren. Hutt Dir deen Delai verpasst, ass de Produit onbrauchbar an Dir musst een neie bestellen. D’Aktivatiounsprozedur ass am Bréif, deen Dir zesumme mam Token geschéckt kritt, erklärt. Dir fannt se och online op http://support.luxtrust.lu .

Mäi Luxtrust-Stick/Token leeft lo gläich af.

Am ‘Bureau virtuel’ op http://iam.education.lu  uewe rechts kënnt Dir zu all Moment nokucken, bis wéini Dir Ären aktuelle Stick, Token oder Kaart nach kënnt benotzen:

 

Ee Mount ir Äre Produit afleeft, kritt Dir am Prinzip vun eis een Erënnerungs-Email geschéckt (op d’Adress, déi an Ärem Certificat agedro ass, also am Prinzip op d’@education.lu Adress fir d’Schoulmeeschteren a Chargés de cours an op déi privat E-Mailadress fir d’Remplaçanten), fir Iech doriwwer z’informéieren.

Em déi selwecht Zäit kritt Dir och ee Mail vu Luxtrust (Absender: noreply@luxtrust.lu ) geschéckt, wou si Iech invitéieren, Äre Certificat op eege Käschte bei hinnen ze renouveléieren. Dëse Mail kënnt Dir ignoréieren. Am Fall wou Dir schonn ee Stick, eng Kaart oder een Token bei Luxtrust bestallt hutt, kann dës Commande nit réckgängeg gemeet ginn. Mir hunn och keng Méiglechkeet, Iech Är Dépense ze rembourséieren.

Ab 1 Mount ir Äre Luxtrust-Stick afleeft kënnt Dir Iech gratis op http://iam.education.lu  een neie Luxtrust-TOKEN (kee Stick, keng Kaart) ufroen, OUNI deen ‘ale’ Produit fir d’éischt mussen ze revokéieren. Wann Dir schonn een Token vun Ärer Bank hutt, kënnt Dir deen och op http://iam.education.lu enregistréieren, an da fir Scolaria benotzen. Dee Moment braucht Dir keen neien Token bei eis ze bestellen.

Fir eng nei Bestellung gitt Dir op http://iam.education.lu an d’Rubrik ‘Bureau virtuel’, wou Dir Iech als éischt per IAM oder Luxtrust alogge musst. Wielt dann ”Etape 1 – Commande de certificat électronique – Nouvelle commande” aus a fëllt déi néideg Felder aus.

Dir kritt Ären neien Token normalerweis 10 bis 14 Deeg no der Bestellung heemgeschéckt (an 2 separaten Envoien, ee mam Token, ee mat de Coden) op d’Adress, déi bei der Post hannerluecht ass. Vereenzelt schéckt d’Post och fir d’éischt ee Courrier, andeem se Iech eng rezent Kopie vun der Carte d’identité froen.

Den neien Token musst Dir erëm fir d’éischt op http://activate.luxtrust.lu  aktivéieren (ënnerhalb 60 Deeg). Dir braucht dofir d’Coden aus dem separaten Envoi (Initial PIN) an de Code, deen Dir bei de Bestellung uginn hutt (wou Iech proposéiert ginn ass, déi 5 läscht Ziffere vun der Carte d’identité unzeginn). Geheit de Bréif w.e.gl. nit weg, well do de PUK-Code drop steet, deen Dir braucht, wann Dir Ärt Luxtrsut-Passwuert vergiess hutt. Bei enger Bestellung iwwert eisen IAM-Site kritt Dir d’Code ni per SMS geschéckt, wéi dat bei verschidde Banken de Fall ass, mee ëmmer per (Pabeier-)Courrier.

Wann Ären Token aktivéiert ass, musst Dir en dann och erëm op http://iam.education.lu enregistréieren, fir Iech domatt kënnen op http://apps.education.lu am Scolaria anzeloggen. Dëst Enregistrement ‘iwwerschreiwt’ dat vun Ärem ale Stick, Token oder Kaart, sou dass Dir deen ale Produit ab dann nit méi fir Scolaria kënnt benotzen.

Wichteg: D’Bestellung ouni Revocatioun ass wéi gesot eréischt ab 1 Mount virum Verfallsdatum vun Ärem aktuelle Luxtrust-Produit méiglech.

De Virdeel vum Token par rapport zum Stick ass deen, dass den Token ouni Java funktionnéiert. Java gëtt jo mëttlerweil vu verschiddene Browseren (ë.a. Google Chrome, Microsoft Edge) nit méi ënnerstëtzt a mécht dacks Problemer (nit installéiert, keng Updates, falsch Sécherheetsastellungen,..)

Den Token generéiert ee ‘One-time-Password’ (OTP), all Kéier wann een op de Knäppchen dréckt. Dëst OTP gitt Dir zesumme mat Ärem Luxtrust-Login an Ärem Luxtrust-Passwuert an.

LUXTRUST-Login & Passwuert sinn NIT d’SELWECHT wéi d’IAM-Login & Passwuert, wat d’Saach natierlech méi komplizéiert mécht.

Duerfir hei ee klenge Resumé:

-          IAM-Login:
setzt  sech am Prinzip zesummen aus: 3 Buchstawe Familljennumm + 2 Buchstawe Virnumm + 3 Zifferen
z.B.: Bond James = BonJa007

-          IAM-Passwuert:
min. 8 Zeechen (Buchstawen an/oder Zuelen), dovun min. 2 ‘Sonderzeechen’. Leet Dir selwer fest op http://iam.education.lu  ënnert ‘Activation compte’ (wann Dir et vergiess hat an Iech een neien Aktivatiounscode ugefrot hutt) resp. am ‘Bureau virtuel’ ënnert ‘Changement de mot de passe’ (wann Dir dat ‘aalt’ Passwuert wësst an et just wëllt changéieren)

-          LUXTRUST-Login:
Steet am (Pabeier)-Courrier, deen Dir am Kader vun der Luxtrust-Bestellung separat heemgeschéckt kritt. Am Prinzip am Format AAAA1111
z. B. Bond James = BOJA0007

-          LUXTRUST-Passwuert/PIN:
min. 6 Zeechen, just Zifferen am Fall vu Stick a Kaart, kann (muss awer nit) beim Token och Buchstawen enthalen. Dëst Passwuert definéiert Dir bei der Aktivatiounsprozedur vun Ärem Luxtrust-Produit.

-          LUXTRUST-One-Time-Passwuert (OTP):
Just am Fall vum TOKEN. Gëtt generéiert, andeems een op de Knäppche vum Token dréckt. Bleiwt just fir e puer Sekonne visibel a changéiert all Kéier, wann een dréckt.

 

Wann Dir Problemer oder Froen  an där Saach hutt, kënnt Dir Iech mam Helpdesk vum CGIE a Verbindung setzen:

De CGIE-Helpdesk ass z'ereechen:

- Méindes bis Freides vun 8-12 a vun 13-17 Auer per Tel. um 247 85 999

- per E-Mail op helpdesk@cgie.lu

a kann Iech ënnert anerem weiderhëllefen a Saachen IAM, Luxtrust- Bestellung, -Aktivatioun & -Enregistrement, Installatioun vu Middleware & Java, etc.

Ech wëll gär occasionnell Iwwerstonnen deklaréieren, weess awer nit wéi dat geet.

Occasionnell Iwwerstonne resp. regelméisseg Iwwerstonnen, déi am Laf vum Joer eréischt ufänke sollt Dir am Prinzip um Enn vum Trimester deklaréieren. Dir kënnt dat zur Nout awer och nach méi spéit am Joer maachen, spéitstens awer um Enn vum betr. Schouljoer.

Am Prinzip kënne fir folgend Aktivitéiten Iwwerstonnen deklaréiert ginn:

- Concertatiounsstonnen (nëmme wann Dir Chargé(e) de cours sidd & ee Max.  vun 1½h durée réelle pro Woch fir d’ganzt Trimester)

(d.h. wann d’Trimester z.B. 10 Schoulwochen hätt ka fir dat Trimester ee Maximum vun 10x 1½h = 15 Stonnen Concertatioun deklaréiert ginn fir déi dann 15 : 2= 7½ leçons d’enseignement ausbezuelt ginn)
Wann Dir Schoulmeeschter/Léierin sidd, ass d’Concertatioun an Ärer ‘normaler’ Tâche mat drann a gëtt nit extra bezuelt.

- Appui pédagogique (nëmme wann Dir Chargé(e) de cours sidd a wann den Appui am Virfeld vum Inspekter fir Iech accordéiert ginn ass)

Wann Dir Schoulmeeschter/Léierin sidd, si 54 Stonnen Appui pédagogique pro Joer an Ärer ‘normaler’ Tâche mat drann a ginn nit extra bezuelt.

- Remplacement

Wann Dir een Aarbechtskolleg an der Klass oder fir eng aner Tâche ersetzt, kënnt Dir déi Stonnen als occasionnell Iwwerstonnen deklaréieren. Am Scolaria hu mer dofir  eng Rubrik ‘Remplacement – Enseignement’ an eng Rubrik ‘Remplacement – Décharge’.

Déi occasionnell Iwwerstonnen deklaréiert Dir am Scolaria op http://apps.education.lu , wou Dir Iech als éischt via Luxtrust musst aloggen.

Am Haptmenu wielt Dir dann ‘Leçons supplémentaires occasionnelles’ aus:

Do klickt Dir dann op de Knäppchen ‘Ajouter leçons suppl.:

Da wielt Dir Är Schoul, Ären Numm an d’Woch aus, an där Dir d’Iwwerstonne gemeet hutt an drot d’Stonnenzuel an déi resp. Casen an:

Wichteg: Dir kënnt pro Woch nëmmen eng Deklaratioun maachen, wou alles, wat Dir an där Woch un occasionnellen Iwwerstonne gemeet hutt, muss agedro ginn.

 

Wann Dir alles agedro hutt klickt Dir op OK fir zréck op d’Säit mat der Lëscht vun den Deklaratiounen ze kommen. Wann Dir do näischt ugewise kritt  wielt Dir d’Schouljoer an d’Gemeng aus a klickt op ‘Rechercher’.

 

Mat ‘Imprimer fiche’ generéiert Dir dann eng Fiche, déi Dir musst erausdrécken, ënnerschreiwen a vum President vum Schoulcomité (an am Fall vu Concertatiounsstonnen och vum Coordinateur de cycle) ënnerschreiwe loossen an dann un den zoustännege Regionalbureau schécken.

 

Wichteg: Ouni dës Fiche kann de Regionalbureau d’Stonnen nit validéieren an de Ministère se nit weidergi fir ausbezuelt ze ginn.

 

Ech hunn de Login/d'Passwuert vergiess fir meng @education.lu Emailen afzeruffen.

Wann Dir de Login an d'Passwuert fir Är @education.lu Emailen ze liesen nit (méi) wësst, (et ass *net* den IAM Login/Passwuert, deen Dir huelt, fir Iech op Scolaria anzeloggen) kënnt Dir den Online-Formulaire ënnert https://cgie.formstack.com/forms/education_lu_request ausfëllen. Restena schéckt Iech déi Donnéeën dann mat eng Courrier mat der Post.

Ënnert http://webmail.restena.lu  kann och ee Forward vun der @education.lu op eng Rei aner ëfffentlech Emailadressen (@technolink.lu, @villeesch.lu,..) ageriicht ginn.

Ech iwwerhuelen Iwwerstonne am Laf vum Joer vun engem Aarbechtskolleg.

Wann Dir een Aarbechtskolleg an der Klass oder fir eng aner Tâche ersetzt, kënnt Dir déi Stonnen als occasionnell Iwwerstonnen deklaréieren. Am Scolaria hu mer dofir  eng Rubrik ‘Remplacement – Enseignement’ an eng Rubrik ‘Remplacement – Décharge’.

Déi occasionnell Iwwerstonnen deklaréiert Dir am Scolaria op apps.education.lu, wou Dir Iech als éischt via Luxtrust musst aloggen.

Am Haptmenu wielt Dir dann ‘Leçons supplémentaires occasionnelles’ aus:

 

Do klickt Dir dann op de Knäppchen ‘Ajouter leçons suppl.:

 

Da wielt Dir Är Schoul, Ären Numm an d’Woch aus, an där Dir d’Iwwerstonne gemeet hutt an drot d’Stonnenzuel an déi resp. Casen an:


Wichteg: Dir kënnt pro Woch nëmmen eng Deklaratioun maachen, wou alles, wat Dir an där Woch un occasionnellen Iwwerstonne gemeet hutt, muss agedro ginn.

Wann Dir alles agedro hutt klickt Dir op OK fir zréck op d’Säit mat der Lëscht vun den Deklaratiounen ze kommen. Wann Dir do näischt ugewise kritt  wielt Dir d’Schouljoer an d’Gemeng aus a klickt op ‘Rechercher’.

Mat ‘Imprimer fiche’ generéiert Dir dann eng Fiche, déi Dir musst erausdrécken, ënnerschreiwen a vum President vum Schoulcomité (an am Fall vu Concertatiounsstonnen och vum Coordinateur de cycle) ënnerschreiwe loossen an dann un den zoustännege Regionalbureau schécken.

 

Ech maache regelméisseg & bezuelten Iwwerstonnen, hunn se bis lo awer nach nit / zënter enger Zäit nit méi ausbezuelt kritt.

Dir hutt wahrscheinlech bis elo nach keng Iwwerstonnen-Avancë kritt, well Är Deklaratioun am Scolaria (am Feld "Leçons supplémentaires faisant l'objet d'une rémunération") nit mat den Donnéeën aus der Scolaria-Schoulorg. iwwereneestëmmt.

Am beschten Dir kontaktéiert de President/Gemengesekretär/Schoulservice fir déi Saach an d’Rei ze bréngen. Si kënnen am Scolaria kucken, op eng Divergenz tëscht Ärer Deklaratioun an den Donnéeën aus der Schoulorganisatioun besteet.  Wann d'Donnéeën bis iwwereneestëmmen, kritt Dir am Prinzip de Mount drop Är regelméisseg Iwwerstonnen ausbezuelt.

Déi nach oppe Stonne vun de Méint vun der Rentrée bis zu deem Moment ginn dee Mount och réckwierkend ausbezuelt.

Wou fannen ech eng Iwwersiicht iwwert all Gesetzer a Reglementer, déi den EF betreffen?

Dir fannt esou eng Zesummestellung um Site vum Ministère, Rubrik Fondamental oder direkt hei.