D'"myCard": En einfachen, séieren a séchere Bezuelmodus.
D'Schüler bezuelen net cash an de Restauranten a Cafeteriaen vu Restopolis, mä mat hirer "myCard", eng multifunktional Schülerkaart, déi och als Transport- a Bibliothéikskaart déngt. D'Lycéeë ginn de neie Schüler d'"myCard" den éischte Schouldag no der Rentrée.
De Betrag gëtt automatesch vum Kont debitéiert. Den Historique vun de Consommatioune vun all Schüler, dee nach keng 16 Joer huet, gëtt ee Mount laang stockéiert. Dat erlaabt zu all Moment all duerchgeféiert Operatiounen um Kont ze préiwen an och de Kontostand. De Stockage vum Historique hält op, wann de Schüler 16 Joer al gëtt. Allerdéngs besteet d'Méiglechkeet, de Stockage erëm ze reaktivéieren, nodeems de Client den Alter vu 16 Joer erreecht huet.
Elteren an aner Persoune kënnen d'"myCard" mat engem Computer oder engem Smartphone oplueden a vun hirer Kreditkaart oder iwwer Digicash Suen op de Kont vum Schüler setzen. Gitt op dem Site www.restopolis.lu op d'Symbol vun Digicash oder vun enger vun deenen dräi Kreditkaarten. Drot Är IAM-Passwuert an och de Montant an, deen Dir op Är "myCard" setze wëllt. An dësem Fall braucht Dir Äre Login net. Gewannt Zäit a benotzt Digicash, wat Iech erlaabt, a 6 Sekonne Suen op Är Kaart ze setzen. Dir braucht nëmmen d'Digicash-App vun Ärer Bank erofzelueden, de QR-Code op www.restopolis.lu mat dem Smartphone ze scannen an d'Operatioun mat Ärem Fangerofdrock oder dem Pin-Code ze validéieren.
D'App vu Restopolis kann ee gratis am App Store an an dem Google Play Store eroflueden. Fir se z'aktivéieren, wielt op Ärem Handy de Menü "Préférences" a gitt op "Authentification". Wielt dann d'Zeechen "+" riets uewen op Ärem Smartphone. Loggt Iech op Ärem Computer op der Säit www.restopolis.lu mat Ärem Login an a klickt op de Menü "Mes Mobiles", dann "Ajouter". Op dem Schierm vum Computer erschéngt de QR-Code, scannt dee mat Ärem Smartphone. Fir ze scannen, muss d'Kamera vum Telefon aktivéiert sinn. Wann de Code gescannt ass, erschéngt de Numm vum Handy op dem Computer am Menü "Mes Mobiles". Fir d'Aktivéierung ofzeschléissen, klickt op "Save".
D' "myCard" kann direkt an der Kees vum Restaurant opgeluede ginn, wann Dir eng Kéier Problemer mat Ärer Internetverbindung oder mam Computer hutt an d'Oplueden online net funktionéiert.
Am Fall wou d'Kaart geklaut ginn ass oder de Schüler se verluer huet, kontaktéiert w.e.g. d'Schoul fir se blockéieren ze loossen oder Restopolis ënnert der Nummer 247 85163. D'Demande fir eng nei Kaart maacht Dir bei Ärer Schoul. D'Sekretariat vun Ärer Schoul setzt de Montant vun der aler Kaart op déi nei.
Restopolis réit senge Gäscht fir e Minimum vun 20 Euro op d'Kaart ze setze fir esou an der Kees laang Waardeschlaangen ze diminuéieren. Dir kënnt op der Internetsäit vu Restopolis am Menü "Mon Compte" d'Alerten aktivéieren fir mat enger SMS oder enger Mail kontaktéiert ze ginn, wann de Stand vun Ärem Kont niddreg ass. Wann de Schüler de lëtzebuergesche Schoulsystem verléisst, rembourséiert d'Sekretariat vun der Schoul him de Montant, deen hien nach op senger Kaart huet.