X

Praktesch Informatiounen

Wie ka gratis Schoulbicher kréien?

1. Fir wéi eng Klasse gëtt et gratis Schoulbicher?

D’Schüler vun de Klassen, déi hei drënner opgelëscht ginn, kënnen déi vum Programm virgeschriwwe Schoulbicher gratis kréien.

  1. Wann s du an enger vun deenen heite Klasse bass, wiels du deng Bicher op app.mybooks.lu aus:
    1. a) Klasse vum Enseignement secondaire classique a général an der Beruffsausbildung vun allen ëffentleche Lëtzebuerger Lycéeën (kuck och de Punkt 2.a);
    2. b) Klassen a Privatschoulen, déi de Programm vun der ëffentlecher Lëtzebuerger Schoul applizéieren (École privée Fieldgen, École privée Marie-Consolatrice, École privée Sainte-Anne, Lycée privé Emile Metz, École privée Notre-Dame).
    3. c) europäesch Klasse vun der ëffentlecher Schoul (École internationale Edward Steichen - Clervaux, École internationale de Mondorf-les-Bains, Lënster Lycée International School, École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette, École internationale Gaston Thorn, École internationale Mersch Anne Beffort, École internationale Junglinster);
  2. Wann s du an enger vun deenen heite Klasse bass, kriss de deng gratis Schoulbicher direkt an denger Schoul:
    1. a) Voie de préparation, ACCU, CLIJA a CLIJAA-Klasse vum Enseignement secondaire général;
    2. b) international Klasse vun der ëffentlecher Schoul (International School Michel Lucius, Baccalauréat international am Athénée de Luxembourg an am Lycée technique du Centre).

2. Wann ech eng Klass doubléiere muss, kréien ech meng Bicher dann och gratis?

Jo.

3. A wann ech wärend dem Joer den Ordre d’enseignement, d’Sektioun oder d’Schoul wiesselen?

Da kanns du nach eemol vun der gratis Offer profitéieren, bannent zwee Méint nom Wiessel.

Wéi eng Schoulbicher si gratis?

1. Wat gëllt als gratis Schoulbuch?

Gratis sinn:

  • déi vum Schoulprogramm virgeschriwwe Bicher;
  • déi Bicher, déi d’Lycéeën als obligatoresch Bicher wielen;
  • déi digital Versioune vun dëse Schoulbicher, wann et se gëtt;
  • Ënnerlage vun obligatoresche Coursen a Form vu Fotokopien (wann et keen obligatorescht Buch gëtt), déi s du an dengem Lycée kriss.

2. A wann e Schoulbuch e puer Joer laang um Programm steet?

An deem Fall hues du just eng Kéier e gratis Buch zegutt.

Wéi kréien ech meng gratis Schoulbicher?

1. Wéini kréien ech meng gratis Schoulbicher?

Fir d’Schouljoer 2023/2024 kanns de deng Schoulbicher tëscht dem 24. Juli 2023 an dem 29. Juni 2024 via app.mybooks.lu kréien.

Nom 29. Juni 2024 kanns de keng Schoulbicher méi gratis kréien.

A wann ech en Noexamen (travail de vacances) am September muss maachen? Wéini kann ech da meng Bicher auswielen?

Soubal s du d’Resultat vun dengem Noexame kritt hues, gëss du vum Sekretariat vun dengem Lycée an deng nei Klass ageschriwwen. Den Dag duerno kanns du deng Bicher auswielen.

2. Wéi geet dat?

Fir unzefänken, muss de op d’Säit www.mybooks.lu goen.

Klick op den App-Button.

Connectéier dech mat dengem IAM-Login (lies och ënnen den Abschnitt : Wou kréien ech Hëllef ?).

Du kënns op d’Säit vun dengem perséinleche Profil mat der Lëscht vun de Schoulbicher, déi s du kanns kréien.

Du wiels deng Bicher aus. Si ginn an der App mat hirem jeeweilege Barcode affichéiert.

Du gees mat dengem Smartphone oder Tablet an de Bicherbuttek (lies weider ënnen den Abschnitt : Wuer kann ech meng Bicher siche goen ?). Wann s de weder e Smartphone nach en Tablet hues, kanns de der d’Barcodë vun de Bicher, déi s du ausgewielt hues, och erausdrécken.

De Libraire scannt d’Barcoden an a gëtt dir deng Bicher.

Soubal d’Barcoden an der Librairie gescannt goufen, kanns du deng Bicher net méi ëmtauschen. Kontrolléier also, ob s de déi richteg Bicher erausgesicht hues, ier s de an de Buttek gees.

3. Wat soll ech maachen, wann et en obligatorescht Buch op Franséisch an op Däitsch gëtt?

Wann et vun engem Buch op denger Lëscht eng franséisch an eng däitsch Versioun gëtt, da fro däi Professer beim Schoulufank, wéi eng Versioun dass du brauchs.

4. Wuer kann ech meng Bicher siche goen?

Du kanns deng Bicher an ee vun de Bicherbutteker siche goen, déi beim Programm myBooks.lu matmaachen. Klick hei, fir d’Lëscht ze gesinn.

5. Muss ech meng Bicher all an enger Kéier an an eng eenzeg Librairie siche goen?

Nee, du kanns deng Bicher an e puer Etappen an och a verschidde Bichergeschäfter siche goen; déi gewielte Bicherbutteker musse just op der Lëscht vun de Partner vu myBooks.lu stoen. 

6. Wéi kommen ech un déi digital Versioun vun engem Schoulbuch?

Fir verschidde Schoulbicher gëtt et eng digital Versioun (eBook) oder en eContent. Soubal s du däi Buch an de Bicherbuttek siche waars, hues de Zougrëff op déi digital Versioun iwwer app.mybooks.lu. An der Rubrik eContent fënns de den Zougangscode. Du kanns dat ganzt Schouljoer drop zougräifen.

Wou kréien ech mäin Akafsbong fir aner Bicher?

1. Ëm wat handelt et sech beim Akafsbong fir aner Bicher?

De Ministère ënnerstëtzt den nohaltegen a responsabele Gebrauch vu Schoulbicher. Wann s du gebrauchte Schoulbicher keefs, zum Beispill um Bichermaart, da kriss de en Akafsbong fir aner Bicher am Wäert vu 50 % vum Präis vum neie Schoulbuch.

Mat deem Akafsbong kanns de awer just Bicher kafen, z.B. Schoulbicher, déi net gratis sinn, mee am Kader vun der schoulescher Ausbildung néideg sinn (Romaner, Dictionnairen, …) an aner Bicher.

2. Wat muss ech maachen, fir deen Akafsbong ze kréien?

Soubal s du sécher bass, dass de e Buch net nei brauchs, klicks de an der App donieft op « Bicherbong ». Da gi 50 % vum Neiwäert vun deem Buch als Bicherbong op dengem Kont guttgeschriwwen, dee bis den 29. Juni 2024 gëllt. Du kanns de Bong direkt notzen oder e spéider mat anere Bonge kombinéieren.
Fir de Bicherbong anzeléisen, geess du mam Bong (um Handy, Tablet oder Pabeier) an ee vun de Bicherbuttiker, déi bei myBooks.lu matmaachen. Wann d’Buch, dat s du kafe wëlls, méi bëlleg ass wéi de Wäert vun dengem Bong, kanns de de Reschtwäert spéider notzen. Wann d’Buch méi kascht, muss du d’Differenz aus denger Täsch bäileeën.

3. Wou kann ech mäin Akafsbong benotzen?

Du kanns de Bong just an deene Geschäfter benotzen, déi op der Lëscht vun de Partner vum Programm myBooks.lu stinn. Klick hei, fir d’Lëscht ze kréien.

4. Kann ech online akafe mam Akafsbong?

Nee, du muss selwer an de Bicherbuttek goen.

5. Wéi laang ass mäin Akafsbong gutt?


De Bong ka bis den 29. Juni 2024 ageléist ginn.

6. Kann ech enger anerer Persoun mäin Akafsbong ginn?

Nee, de Bong ass op däin Numm ausgestallt. Du däerfs e just fir déi Bicher benotzen, déi s du selwer brauchs.

Wourop muss ech besonnesch oppassen?

1. Wat geschitt, wann ech Bicher geklaut kréien oder se verléieren?

De Ministère ersetzt keng geklauten oder verluere Bicher a rembourséiert se och net.

2. Wat geschitt, wann ech d’Barcodë vu menge Schoulbicher oder den Akafsbong verléieren oder geklaut kréien?

Wann s du en erausgedréckte Barcode verluer oder geklaut kritt hues an eng aner Persoun e benotzt huet, da kanns de déi betreffend Bicher net méi gratis kréien. Dat Nämmlecht gëllt fir den Akafsbong.

3. Wat geschitt bei Bedruch?

Bei Bedruch oder Mëssbrauch vum Programm myBooks.lu a bei Fälschung vun Dokumenter kann de Ministère déi ganz Zomm vun der finanzieller Hëllef oder en Deel dovun zeréckverlaangen an déi geriichtlech Schrëtter aleeden, déi hie fir néideg hält.

Wou kréien ech Hëllef?

1. U wie kann ech mech bei Problemer wenden?

Vum 24. Juli 2023 u kanns du den Helpdesk vum CGIE (Centre de gestion informatique de l’éducation) kontaktéieren:

Tel.: +352 247-85999
Email: mybooks@men.lu

Vum 24. bis de 31. Juli a vum 1. September 2023 u kanns de dech och un deng Schoul wenden.

2. Wat ass den IAM-Benotzernumm?

De System fir Identitéits- an Zouganksmanagement, op Englesch Identity and Access Management (IAM), erlaabt et de Benotzer, also de Schüler, dem Léierpersonal an anere Persounen, déi mam Schoulbetrib ze dinn hunn, mat engem Benotzernumm a Passwuert op d’Informatikressourcen an Uwendungen zouzegräifen.

3. Wann ech mäin IAM-Benotzernumm net kennen: Wie ka mer hëllefen?

Mell dech beim Helpdesk vum CGIE (Centre de gestion informatique de l’éducation):

Tel.: +352 247-85999
Email: mybooks@men.lu

4. Wéi kann ech mäin IAM-Konto aktivéieren?

Fir däin IAM-Konto ze aktivéieren, géi op d’Säit http://iam.education.lu. Do muss de just deng Matriculesnummer aginn, däin IAM-Benotzernumm (User-ID), also fënnef Buschtawen an dräi Zifferen, an den Aktivéierungscode an der Rubrik Aktivéierung IAM-Konto uginn. De Benotzernumm an den Aktivéierungscode gi per Post bei dech heemgeschéckt oder beim lokalen IAM-Guichet vun denger Schoul hannerluecht.