X

logo_men

logo_mybooks


Léiwe SchÜler, léif SchÜlerin,
léif Elteren,

meisch637279881310302187           

Zanter der Rentrée 2018/2019 sinn déi obligatoresch Schoulbicher fir Schüler am Enseignement secondaire an an der Beruffsausbildung gratis. D’Regierung entlaascht op deem Wee all d’Famillje mat bis zu 450 Euro pro Schouljoer a Kand, jee no Klass a Schoultyp.

Mir stäerken domadder d’Gratuitéit vun der ëffentlecher Schoul, an der Kontinuitéit vun deem, wat schonn an der Grondschoul existéiert.

Eng Applikatioun mat engem personaliséierten a gesécherten Zougang erlaabt et dem Schüler, d’Bicher erauszesichen, déi duerno am Bichergeschäft kënnen ofgeholl ginn, ouni mussen ze bezuelen.

Mir wëllen awer och en nohaltegen a verantwortungsvollen Ëmgang mat de Schoulbicher encouragéieren. Wien op gebrauchte Bicher zeréckgräift, kritt duerfir e Bong fir aner Bicher an der Héicht vu 50 Prozent vum Neiwäert vun deene Bicher, déi net iwwer d’Applikatioun geholl goufen.

D’Gratuitéit vun den obligatoresche Schoulbicher huet keen Impakt op d’Allocatioun fir d’Schoulrentrée oder op aner finanziell Hëllefen. Si ass e reelle Virdeel fir Är Famill.



Mat beschte Gréiss,
Claude Meisch
Minister fir Educatioun,
Kanner a Jugend

Weiderliesen Manner liesen

 

Praktesch Informatiounen

FIR WIEN?

GRATIS-SCHOULBICHER SI FIR ALL D‘SCHÜLER :

  • aus dem Enseignement secondaire classique a secondaire général;
  • aus der Beruffsausbildung;
  • aus den europäeschen an internationale Klasse vun der ëffentlecher Schoul (International Baccalaureate, A-level);
  • vun de Privatschoulen, déi de Programm vun de ëffentlecher Schoul applizéieren.

comment636656206623423848

Wéi?

Schüler aus dem Enseignement secondaire classique a secondaire général  an der Beruffsausbildung wielen hir obligatoresch Schoulbicher iwwer app.mybooks.lu aus, an zwar iwwer Smartphone, Tablet oder PC.

Schüler vun enger Voie de préparation, enger Classe d’accueil oder enger CLIJA/CLIJAA-Klass, wéi och Schüler vun den internationale Klassen an enger ëffentlecher Schoul, kréien hir gratis Schoulbicher direkt an hirer jeeweileger Schoul.

 

Méi Informatiounen

Helpdesk

Méindeg bis Freideg:
8:00 - 17:30
CGIE - Tel.: 247-85999
mybooks@men.lu

vum
1. September un
och an denger Schoul 

 

Librairien

 

librairies

An dëse Librairië kriss du deng Bicher a kanns du deng Bongen aléisen :

 

LIBRAIRIE ERNSTER

Bascharage, Bertrange,
Ettelbruck, Luxembourg-Centre,
Luxembourg-Gasperich (Cloche d'Or),

Mersch

LE MONDE DU LIVRE*

Dudelange

LIBRAIRIE DES LYCÉES

Luxembourg-Limpertsberg

LIBRAIRIE DIDERICH

Esch-sur-Alzette

SAMKATS

Echternach

LIBRAIRIE UM FIELDGEN*

Luxembourg-Gare

LIBRAIRIE ZIMMER

Diekirch


 

CHRISTINA'S
BICHERBUTTIK

Wiltz

 

BIBA S.À R.L.

Marnach

*Schoulbicher fir Klassen, di de Programm vun den Europäesche Schoulen ubidden, sinn an dëse Librairien net disponibel.