X

Catégories

Portfolio am C1

Cycle 1: Léieren duerch Reflexioun a Feedback begleeden

Zilgrupp: Cycle 1

Fokus: Léieren duerch Reflexioun a Feedback begleeden

Enseignante: Antoinette Beffort

Schoul: EF Bourglinster, Cycle 1

Den Ausgangspunkt fir Portfolioaarbecht war d’Ëmdenken duerch d’Schoulreform mat der “approche par compétences”: de Wiessel vum produktorientéierten  op e prozessorientéierte Fokus. Dobäi koum mäi Bedierfnis fir ënnerschiddlech Léierweeër ze dokumentéieren, Eegeverantwortlechkeet vum Léieren bei de Kanner ze entwéckelen an d’Vielfalt als Beräicherung ze erliewen.

Objectifs

Konkret erreeche wëll ech, datt d’Kand iwwert säi Léieren nodenkt, d’Gesamtheet vum Kand sénger Perséinlechkeet eng Plaz am Schoulalldag fënnt (cf. les 12 besoins identitaires de Pourtois & Desmet) an dem Kand seng Autonomie am Léiere gefërdert gëtt. D’Kand soll sech als kompetente “Lerner” erliewen.

Étapes

1. Ech hunn d’Differenzéirung a verschiddene Beräicher agesat a lues a lues méi oppen  Aarbechtsopträg  ginn:

  • am kreative Beräich: z. B. Bastelmaterial steet zur fräier Verfügung, d’Kand gëtt sech selwer den Optrag;
  • am motoresche Beräich:  Kanner plangen a klenge Gruppen e Bewegungsatelier, riichten en op, weisen e vir, aner Gruppen probéiren en aus, ( och méiglech en nei ze organiséiren);
  • am sproochleche Beräich: De Kanner hier Erliefnisser/Iddi’en  hunn eng Plaz am Schoulalldag, z.B .story-telling ( mam i-Pad, am Geschichtenheft,) Theaterspill, individuell Zougäng zur Schrëft: graphomotoresch Übungen, Kanner wiele Buschtawen oder Wierder aus fir nozeschreiwen ...;

  • am logesch-mathematesche Beräich: d’Nikitin-Material an         d’Frühfördermaterial vum Zahlenbuch-Programm erméiglechen e Schaffen op verschidden Niveau’en;
  • am soziale Beräich: Kanner verzielen am Krees vun hiere    Léierstrategien, am klenge Grupp kënne Kanner vun anere léieren, nokucken, Hëllef kréien, zesummen eppes gestalten,...;
  • am wëssenschaftleche Beräich: wa Kanner Iddi’en äusseren fir eppes auszeprobéiren, z.B. wat fir e gebastelt Schëff schwëmmt a net ënnergeet, kann et eng Aktivitéit vum Aarbechtsplang ginn a si kënnen dozou Erfahrungen a klenge Gruppen sammelen a sech austauschen am Krees.

2. Partizipatioun an der Dokumentatioun (am Portfolio)

D'Kanner huele Foto’en vun hieren Aarbechten, gi Kommentaren dozou, déi notéiert ginn.

3. Partizipatioun an dem Opbau vum Aarbechtsplang (Iddie vu Kanner ginn opgeholl)

  • Ännerungen an der raimlecher Organisatioun: Material - méi zougänglech, méi iwwersiichtlech fir Kanner, Plaz fir eegen Aktivitéiten
  • Ännerungen an der zäitlecher Organisatioun: Zäit gewanne fir eenzel Gespréicher andeems ee manner Zäit verléiert mat allgemengen Uweisungen
  • Ännerung vun der Roll vun der Léierpersoun: Begleeder, Beroder och mol Initiator
  • Vielfalt vun den Aktioune: matbestëmmt, verschidden, autonom, reflektéiert...

Heibäi hunn ech mech inspiréiert duerch dem Tassilo Knauf säin adaptéierte Schema vum Aristoteles séngem Antinimie-Modell zur Qualitéitskontrolle.

Déroulement

Wat ass gelongen?

D’Portfolioaarbecht gelëngt ëmmer besser zu Gonschte vun  individuelle Beleger, déi d’Stëmm vum Kand a vum Erwuessene rëmginn, an am Elteregespréich e wertvolle Bäitrag duerstellen.

Wat ass méi schwiereg?

Wat méi schwiereg ass, ass eng méiglechst aussostaark a komplett Dokumentatioun vum Léierwee vun alle Kanner.

Télécharger
Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique