X

Catégories

Léiere gezilt dokumentéieren, fërderen a begleeden

Cyclen 2-4: Bilansgespréicher tëschent Kand, Elteren an Enseignant

Zilgrupp: Cyclen 2-4

Fokus: Bilansgespréicher tëschent Kand, Elteren an Enseignant

Enseignante: Edith Collette

Schoul: EF Goesdorf, Cycle 3.1

Am Beräich vum kompetenzorientéierte Léieren ass d’Spannennetz eng grafesch Duerstellung, déi et dem Kand, den Elteren an der Léierpersoun erlaabt ze gesinn, wou d’ Kand momentan steet.

Ech hu mer d’ Fro gestallt, wéi ech de Kanner hiert Léiere méi no ka bréngen a wéi ech si v.a. kann dofir responsabiliséieren. Kloer war fir mech, datt d’ Asiicht fir an engem bestëmmte Beräich een Effort ze maachen, soll/muss vum Kand selwer kommen. Esou hunn ech mech fir d’ éischt emol fir eng Skaléierung am Beräich vun den transversale Kompetenzen entscheet, iert ech et och op déi eenzel Fächer ausgebreet hunn.

Objectifs

Mir ass et wichteg,

  • eng Diskussiounsbasis ze schafen, wou déi dräi Acteure Kand, Elteren a Léierpersoun sech op Aenhéicht begéinen; et soll fir jidderee kloer si wouru muss geschafft ginn.
  • d’ Motivatioun fir ze léiere beim Kand unhand vun Transparenz an de Beräicher Zilsetzungen an Evluatioune ze fërderen.
  • e Klasseklima vun der géigesäiteger Ënnerstëtzung an dem Austausch ze schafen.

Étapes

Fir d’ éischt beschwätzen a leeë mir zesumme Léierziler fest. Dono fënnt e reegelméissegen Austausch an eng Reflexioun iwwert d’ Ziler statt, andeems folgend Froen ëmmer erëm an de Raum gestallt ginn: Wat hunn ech bei dëser Aufgab geléiert? Wat muss ech nach üben? Wéi huet de Schüler XY geüübt fir esou e gutt Resultat erreecht ze hunn?

Esou kréien a ginn d’Kanner sech engersäits géigesäiteg Feedback a jidderee kritt och vu mir gesot, wéi ech d’Situatioun gesinn a firwat. Doropshi fëllt all Kand säi Spannennetz aus a muss säi Positionnement och kënne begrënnen.

Uschléissend ginn sech no an no nei Ziler gesat, wann déi bestoend Ziler méiglechst erfëllt sinn.

Déroulement

Wat sinn Erfahrungen bis elo?

Schwiereg ass et fir d’Kanner drun ze kréien hire Matschüler nozelauschteren an se dozou ze bréngen, hier eegen Aarbecht op Grond vun de Kommentare vun de Matschüler z’iwwerdenken an ze verbesseren.

Den Interessi an d’Bereetschaft fir dem Matschüler wëlle weiderzehëllefen a Rotschléi ze gi mussen explizit gefërdert ginn.

Wann dat Léierbewosstsein bis bei de Kanner aktivéiert ass, gëtt et eng aner Dynamik an der Klass. D’Léiere fänkt op ee Mol un am Alldag am Mëttelpunkt vun hirem Handelen an Denken ze stoen. Verännerunge sinn och an de Beräicher Motivatioun fir ze schaffen, Disziplin a Respekt ze beobachten.

Wichteg ass et den Elteren am Bilansgespréich ze soen, datt d’Spannennetz dem Kand seng perséinlech Aschätzung ass. Vun do aus äusseren ech da meng Vue zu deenen eenzele Beräicher an da weisen ech den Elteren, wéi dat am Bilan ausgesäit.

Wéi gouf d'Spannennetz bis elo genotzt a wat kéint nach ugeduecht ginn?

D’Spannennetz gouf fir d'éischt zum Schluss vum Trimester ausgefëllt, wou mir op d’Schaffe vun deem Trimester zréckgekuckt hunn. Am Moment gëtt et ëmmer méi zu engem Instrument, wat ech am Alldag benotzen, wann ech eng Verännerung beim Léiere vum Kand beobachten oder wann ech dem Kand eng nei Zilsetzung wëll ginn, wou et sech weiderentwéckele soll. Fir mech ass et am Alldag och en "Testersatz". Heibäi sinn d'Kanner net amgaangen un enger isoléierter Aufgab ze schaffen, mee reflektéieren hiert Léieren am Echange mat hire Matschüler/innen a "picken" sech dat eraus, wat se grad brauchen. Dëst ass v.a. bei mëndlechen Aufgaben de Fall.

Vu datt mir eis Reflexiounsgespréicher am Alldag ëmmer erëm hunn, kéint d’Spannennetz an engem weidere Schratt esou genotzt ginn, datt all Kand sech um Enn vun der Woch ee Beräich erauswielt, bei deem et sech wëll déi kommend Woch verbesseren. An engem Gespréich mat mir géif et soen, wat et kéint maachen, fir datt dëst geschitt an um Schluss vun der nächster Woch géif et sech selwer erëm um Netz positionéieren. Do kéint dee Moment niewent der Auto-Evaluatioun och nach meng Evaluatioun mat afléissen. Ass no enger bestëmmter Zäit e Léierfortschrëtt an deem Beräich geséchert, gëtt sech en anert Zil ausgewielt fir déi kommend Zäit.

Observations

Beispill: Virliese virun der Klass

  • E Kand sot eng Kéier zu engem anere Kand: ech mengen du hues den Text verstane well du hues richteg betount an interessant virgelies.
  • Während ee Kand liest, da fueren déi aner mam Fanger ganz präzis no.
  • Nodeems e Kand e Feedback vun anere Kanner kritt huet, an dësen net beim Liesen beuuecht, erënnere si dat Kand un de Feedback. D'Kanner wësse ganz genau, wat de Feedback un d'Kand war.
  • Hei kënnt Dir Iech verschidden Aussoen vun de Kanner unhéieren.

Hypothèses

Dëst kéint dorop zréckzeféiere sinn, datt

  • si alleguer fir sech selwer en Optrag erausgesicht hunn, wou si extra gutt drop oppassen,
  • si wëssen, datt si länger Zäit duerfen un engem Aspekt schaffen an sech dora verbessere kënnen, ouni direkt mussen "alles" ze kënnen
  • de Kanner bewosst ass, wat se solle kënnen.

Matériel
  • Ee Spannennetz pro Beräich
Télécharger
Print
Please login or register to post comments.

Matériel

  • Ee Spannennetz pro Beräich

logo-ifen-edupratique