X

BLOG-OLD

Stay connected

28 avr.

Security made in Luxembourg

SPAMBEE - Déi nei national Anti-Spam an Anti-Phishing Léisung

Spam nervt, Phishing ass geféierlech!

Sech dogéint schützen, geet ganz einfach mat SPAMBEE. SPAMBEE ass en Tool mat deem Dir verdächteg E-Maile ganz einfach un Experte weiderleede kënnt, déi dann eng vollstänneg Diagnos maachen. All Analys vun engem suspekte E-Mail speist eng Datebank vun Absender, déi gepaart solle ginn. Op dës schwaarz Lëscht kann all SPAMBEE-User zougräifen. Esou gëtt den Anti-Spam Filter mat Hëllef vun all Eenzele verbessert.

Wéi funktionéiert SPAMBEE?

SPAMEE ass en Plug-in, deen op deene meeschte Browser an E-Mail-Clients kann installéiert ginn. Wa bis installéiert, kann ee mat engem einfache Klick verdächteg E-Mailen un eis Experte weiderleeden, déi d’Daten analyséieren.

SPAMBEE schützt Är perséinlech Donnéeën am Aklang mam RGPD, well nëmmen déi technesch Date vun der E-Mail iwwerdroe ginn, net de Contenu oder den Destinataire.

Den Destinataire kann awer wielen, ob en de Rapport vun der Analyse wëllt kréien. Nëmmen an dem Fall gëtt seng E-Mail Adress gespäichert.

Virdeeler

  • D'Benotzen ass ganz einfach;
  • D'Melle kascht näischt;
  • D'Anonymitéit ass garantéiert: Et ginëmmen déi Daten erfaasst, déi fir d’Analysewichteg sinn (Absender, headers, .);
  • Déi technesch Date ginn direkt iwwerdroen;
  • D'Sécherheet vun all de User gëtt duerch d'Verdeele vu "schwaarze Lëschte" verbessert;
  • De Filter kann u lokal Spezifizitéiten ugepasst ginn;
  • SPAMBEE funktionéiert mat de meeschten E-Mail-Clients, grad ewéi Webmails.

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert www.spambee.lu

 

Number of views (502)

More links

Centre de gestion informatique de l'éducation
eduPôle - Walferdange
28, Route de Diekirch
L-7220 Walferdange
Adresse postale:
B.P. 98
L-7201 Bereldange
 
Tél. secrétariat: (+352) 247 - 85970
Email: secretariat@cgie.lu

Tél. helpdesk: (+352) 247 - 85999
Email: helpdesk@cgie.lu
Trouvez-nous sur

CGIE Productions