365.education.lu

365.education.lu

Formatiounen fir d'Enseignanten aus der Grondschoul

Et ass elo ee Joer hir, datt den Educatiounsministère am Kader vun der Strategie ‘Digital 4 Education’ de Projet 365 lancéiert huet. Op http://365.education.lu  huet all Enseignant an all Schüler aus dem Secondaire wéi och aus dem Fondamental gratis Accès op eng Hellewull Outil’en, déi am Schoulalldag sënnvoll a produktiv agesat kënne ginn: Niewt Klassiker wéi Word, Powerpoint an Excel fannt Dir do och manner bekannten Applikatioune wéi Sway, Yammer, OneNote, Delve, Planner, Forms,...

Mat OneDrive stinn all Utilisateur bis zu 1.000 GB perséinlechen Online-Späicherplaz zur Verfügung. Office Groups bitt d’Méiglechkeet, online zesumme ze schaffen a sech auszetauschen. 

En vue vun der Fermeture vum Portal mySchool! den 1. September 2016 sinn och all Ressourcen, déi Dir fréier op mySchool! fonnt hutt, an den 365 eriwwergeholl ginn, wou Dir elo ënnert eduSearch geziilt no pädagogeschem Material kënnt sichen, resp. ënnert eduDocs iwwert d’Verzeechnisstruktur am ganze Repertoire stöbere kënnt.

No de regionale Presentatiounen vum Projet 365, déi an Zesummenaarbecht mat den Inspekteren an deene verschiddenen Arrondissementer am Laf vum leschte Schouljoer organiséiert gi sinn, proposéiere mir Iech elo ab der Rentrée 2016/2017 eng Rei Formatiounen, wou Dir déi eenzel Moduler vum 365 am Detail kënnt kenneléieren a wou Dir gewuer gitt, wéi Dir se an Ärem Schoulalldag praktesch kënnt asetzen.

Dës Formatioune ginn zu Walfer am Institut de Formation de l’Education Nationale (IFEN) um Campus eduPôle (anc. ISERP/UNI) organiséiert an als Formation continue ugerechent.

Print
Publié: août 30, 2016,
Catégories: DCL News,
Comments: 0,

Name:
Email:
Subject:
Message:
x