Mathematic.lu - Formations

Mathematic.lu - Formations

fir C3, C4 & classes inférieures vum Secondaire

mercredi 15 novembre 2017/Catégories: News

Dëst Schouljoer sinn ee groussen Deel vun de Moduler fir de Cycle 3 a Cycle 4 am Fondamental a fir d'Classes inférieures am Secondaire fir d’éischte Kéier op http://mathematic.lu/  online gaangen.

(cf. https://portal.education.lu/fondamental/Home/ArtMID/9617/ArticleID/558754/Mathematiclu-Modules-fir-C3-C4-Secondaire-online )

Unhand vun engem Video-Tutorial huet d'Equipe Mathematic versicht, verschidden Applikatiounen (aloggen, erstelle vu Klasse, ...) ze erklären. Allerdéngs sinn nach vill weider Froen per Telefon, Mail oder Chat-Funktioun vum Programm u si erugedroe ginn. Aus deem Grond hu si 3 regional Formatioune geplangt, wou si Iech déi nei Funktionalitéite vun der Léierplattform erklären an Iech och e kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Moduler vum Cycle 3 a 4 (Fondamental) a vun de Classes inférieures (Secondaire) virstellen.

Zousätzlech géife si Iech e bëssen weisen, wéi MathemaTIC agesat ka ginn unhand vu Beispiller, déi d‘lescht Joer vun Enseignanten ausprobéiert goufen.

(Code D2-a-30) "MathemaTIC reloaded - am Fondamental (C3 an C4) an am Secondaire (classes inférieures)"

• Mëttwochs, den 29.11.2017 zu Walfer um EduPôle 17.00 -18.30
• Donneschdes, den 30.11.2017 am LTE zu Esch 15.30 -17.00
• Méindes, den 4.12.2017 am LCD zu Dikrech 17.00 -18.30

http://www.formation-continue.lu/descriptionformation?idFormation=193709

 

Zousätzlech ginn 3 Formatiounen um Site EduPôle zu Walfer ugebueden, fir déi ënnert Iech, déi d’Aufgaben op MathemaTIC ënnert Uleedung ausprobéiere wëllen. Dës Formatioun riicht sech an éischter Linn un Enseignanten, déi MathemaTIC ganz nei entdecken a méi individuell Uleedung wënschen. Fir sech an dës Formatioun aschreiwen ze kënnen, musst der un der Formatioun "MathemaTIC reloaded - am Fondamental (C3 an C4) an am Secondaire (classes inférieures)" deelgeholl hunn.

MathemaTIC - éischt Schrëtt duerch d'Léierplattform (C3 / C4)

• Donneschdes, den 7.12.2017 zu Walfer um Site EduPôle 14.00 - 16.00
• Dënschdes, den 9.01.2018 zu Walfer um Site EduPôle 14.00 - 16.00
• Donneschdes, den 25.01.2018 zu Walfer um Site EduPôle 14.00 - 16.00

http://www.formation-continue.lu/descriptionformation?idFormation=193719

 

Ab Januar gi weider Formatiounen zu méi spezifeschen Themen ugebueden. Déi ginn am Environnement MathemaTIC an um Ifen publizéiert.

 

Kontakt & méi Info:

Team MathemaTIC
Tél. : 247-75249
E-mail : mathematic@script.lu

Number of views (387)/Comments (0)

More links

Name:
Email:
Subject:
Message:
x

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse