Virlies-Concours 2021

Virlies-Concours 2021

fir Kanner aus dem Cycle 4. Dëst Joer: Thema 'Famill'

mercredi 25 novembre 2020/Catégories: News

D’Broschür vum Virliesconcours 2021 ass do! Dir fannt se als Attachement un dës E-Mail.  

De Virliesconcours fir d’Kanner aus dem Cycle 4 ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert.  

Sou wéi déi lescht Jore steet de Virliesconcours ënnert engem Thema; dëst Joer ass et Thema vun der

   

Famill       

Jiddereen vun eis ass vun dësem universellen Thema betraff. Déi eng, well se u schéin Erliefnesser denken, anerer well se vläicht och scho schwéier Momenter an der Famill erlieft hunn an dacks op d’Ënnerstëtzung vu Familljememberen ziele konnten. Am Lockdown hu mir eng intensiv Zäit mat engem Deel vun eiser Famill verbruecht, an aner Familljememberen vermësst, déi mer vill ze wéineg gesinn hunn. Et war schwéier, seng Léifst ze schützen, andeems ee vun hinnen ewechbliwwen ass.    

Mä och am Normalfall ass d’Thema Famill omnipresent, sief et well et witzeg, komesch, traureg oder ergräifend Situatiounen an der Famill gëtt, oder well sech eng Familljesituatioun geännert huet a mir eis ëmstelle hu missen. Haut gëtt et souvill Forme vu Famill: Patchwork-Famillen, eleng erzéiend Elteren, gläichgeschlechtlech Elteren, Adoptivfamillen, Fleegefamillen... An dach hu se all eppes gemeinsam: si liewen an erliewen villes zesummen, mol Guddes, mol manner Guddes.  

Dëst wichtegt Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och a neie Bicher, vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Texter derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.  

D’Broschür zum Virliesconcours 2021 gëtt et just elektronesch an enger PDF-Versioun. Si steet online um Internetsite vum SCRIPT :  www.script.lu. Am Virwuert vun dëser Broschür gëtt méi am Detail iwwert d’Thema geschwat. An der Broschür fënnt een och wichteg Explikatiounen zum Concours an zumaussergewéinlechen Oflaf vun dësem Joermat enger neier Challenge-Variant. Déi nei Modalitéiten vum Concours, dee wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ugepasst gouf, ginn hei genee erkläert.  

D’Organisatioun vum Virliesconcours an Ärem Gebai soll an Zesummenaarbecht tëschent den Enseignanten an de Responsabel vun der Schoulbibliothéik gemaach ginn.  

 

Mir bieden Iech wgl. fir d’Aschreiwung den Online-Formulaire op der Adress http://tinyurl.com/vlc2021 ze notzen an eis iwwert dee Wee de Gewënner oder d’Gewënnerin aus Ärem Schoulgebai bis spéitstens den 26. Mäerz 2021 eranzeginn. Well de Concours dëst Joer no der Etapp vum Schoulgewënner op eng Challenge-Variant iwwergeet, bréicht de SCRIPT wgl. och eng Audio-Datei vum Schoulgewënner sengem Extrait. Dës kënnt Dir op virliesconcours@script.lu schécken. Weider Detailer dozou fannt Dir an der Broschür.  

  

Well de Virliesconcours 2021 no der Schoul-Etapp als Challenge-Variant ofgehalen gëtt a wéinst der ongewësser Entwécklung vun der Pandemie gëtt et dëst Joer keng Finale mat Publikum. De Jury délibéréiert ëm den 22. Juni 2021 per Videokonferenz fir de nationale Gewënner opgrond vun den Audio-Dateien ze ermëttelen.  

Mir wënschen Iech an Äre Schüler vill Freed beim Virliesconcours a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.  

 

Kontakt:

SCRIPT - Promotion de la lecture
Anne-Marie Antony
Tel. 247-85184
Email: anne-marie.antony@men.lu

Number of views (5777)/Comments (0)

Documents à télécharger

Theme picker

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse