An de leschten 3 Méint hu mir vill um Oli geschafft, fir d'Plattform nach méi performant a nach méi benotzerfrëndlech ze maachen.
D'virtuell Klass gouf komplett iwwerschafft, a mat der neier "Klassebuch" Web-App kanns du elo och Buch iwwer deng Aktivitéite féieren, Hausaufgaben androen, Absence notéieren, a villes méi.
Deng eege Klass kanns du elo och ganz einfach op www.schoulklass.lu publizéieren – mat News, Fotoen, Texter, Stonneplang, a villem méi. Dat klappt natierlech och, wanns du nach keng Schoul-Websäit um Oli hues.
Eng Iwwersiicht iwwer all nei Funktioune fënns de hei: https://ssl.education.lu/oli/lu/blog/news/201709/
Wéi gewinnt ginn deng Klass an deng Schüler am neie Schouljoer automatesch aus dem Scolaria iwwerholl.
Wanns du Froen, Problemer oder Suggestiounen hues, dann zéck net dech iwwer de Menüpunkt "Hëllef" ze mellen, oder schreif e Mail un helpdesk@cgie.lu. Vergiess net dass mir och Formatiounen iwwer den IFEN ubidden, zéck net eis ze schreiwen wann deng Schoul eng Demo vun der Plattform wëll.
Vill Spaass a vill Erfolleg mam Oli wënscht weiderhin
Deng Equipe vun oli.education.lu