D'Équipe MathemaTIC vum Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) ass houfreg Iech matdeelen ze kënnen, dass zënter dem 29. September 2017 ee groussen Deel vun de Moduler fir de Cycle 3 a Cycle 4 am Fondamental a fir d'Classes inférieures am Secondaire op http://mathematic.lu/ online sinn. D’Moduler si fir all Schüler aus dem lëtzebuerger Schoulsystem via 365-Login accessibel, souwäit hiren IAM-Kont aktivéiert ass.
Pour rappel: Den 365-Login ass am Prinzip dee selwechte wéi den ‘normalen’ IAM-Login, deen Dir huelt, fir Iech z.B. op www.ifen.lu , http://iam.education.lu oder www.enseignement-fondamental.lu anzeloggen, just dass beim ‘Nom d’utilisateur’ folgend Extensioun muss hannendru gehaang ginn:
Fir Enseignanten (EF & ES):
- Nom d’utilisateur: IAMLogin@365.education.lu (z.B. devgi123@365.education.lu)
- Passwuert: IAMPasswuert (min. 8 Zechen, dovu min. 2 Extrazeechen)
Fir Schüler (EF & ES):
- Nom d’utilisateur: IAMLogin@school.lu (z.B. devgi123@school.lu)
- Passwuert: IAMPasswuert (min. 8 Zechen, dovu min. 1 Ziffer, 1 grousse Buschstaf, 1 klenge Buschstaf)
D’Schüler am Fondamental kréien hiren IAM-Aktivatiounscode exklusiv iwwert den Enseignant (Titulaire oder ‘autre intervenant’), et gëtt an hirem Fall kee Courrier per Post heem geschéckt. D’Aktivatiounscodë fir hir Schüler fannen d’Enseignanten op http://iam.education.lu , Rubrik ‘Accès aux autres fonctions – bureau virtuel’ ënnert dem Punkt ‘IAM for Kids’.
Am MathemaTIC Video Channel (hannert 365-Login) fannt Dir de Moment zwee Tutorials iwwer d’Enseignants-Vue an iwwer d’Aktivatioun vum IAM-Kont vun de Schüler aus dem Fondamental. Weider Tutorials kommen no.
Kontakt:
Team MathemaTIC
Tél. : 247-75249
E-mail : mathematic@script.lu