oli.education.lu: nei Online-Plattform  fir d’Grondschoul

oli.education.lu: nei Online-Plattform fir d’Grondschoul

virtuell Klass, Léierapps, Schoulsite

mercredi 5 octobre 2016/Catégories: News

Oli.lu ass ville Leit aus der Lëtzebuerger Schoulcommunautéit schonn zënter laangem ee Begrëff. Op der Oli-Plattform fannt Dir ënnert anerem Online-Exercicer a Spiller fir de Fondamental, Dir kënnt Är eege virtuell Klass uleeën oder nach ee Schoul- oder Klassewebsite publizéieren. Papp vum Oli ass de Jos Kirps, een engagéierte Schoulmeeschter zu Eilereng, deen niewt der Schoul och mat grousser Begeeschterung an der Informatik aktiv ass.

Mat oli.education.lu proposéiert de CGIE elo am Kader vun Digital (4) Education eng adaptéiert Versioun vum Oli, déi vum Jos Kirps speziell fir eis Grondschoul ugepasst an erweidert ginn ass.

Hei ee kuerzen Iwwerbléck vun de Funktionalitéite vum oli.education.lu :

• IAM-Login

D’Enseignanten aus dem Fondamental brauche sech keen neie Benotzerkont unzeleeën, si logge sech einfach mat hirem IAM-Login a Passwuert op oli.education.lu an. Dat selwecht gëllt fir d’Schüler, souwäit si am Kader vum IAM for Kids vun hirem Enseignant een Aktivéierungscode kritt hunn an hiren IAM-Kont aktivéiert hunn.

• Meng Klass

Nom Login fënnt den Enseignant direkt seng préconfiguréiert virtuell Klass mat senge Schüler, sou wéi den Titulaire se am Scolaria agedro huet. 

'Meng Klass' besteet aus enger Rei nëtzlecher Moduler:

- Schreibwerkstatt
D’Schüler kënnen direkt am Browser hir Texter schreiwen, a Form bréngen, Fotoe bäisetzen, asw. Den Enseignant kann d’Texter kucken, änneren an annotéieren. Déi fäerdeg Texter kënnen dann aus der Schreibwerkstatt eraus direkt op engem Schoul- oder Klassesite publizéiert ginn. 

- Webpublisher
Oli bitt eng ganz Parti Méiglechkeeten, fir Contenu online ze publizéieren: Wiki, Webzeitung, Storyboard, Presentatioun, Klassen- oder Projetswebsite, asw. De Prinzip a dobäi ëmmer dee selwechten: Op déi eenzel Säite placéiert Dir een oder méi Moduler, déi Dir uschléissend mat Contenu fëllt. Moduler ginn et dobäi fir sou zimmlech alles: Publikatioun vun Texter, Fotoen, Video- an Audiofichieren, Fotogalerien, Texter aus der Schreibwerkstatt, Tabellen, Post-it-Notizen, Linklëschten a villes méi.

- Bewäertung & Portfolio
Fir all Schüler kann am Oli ee perséinleche Portfolio ugeluecht ginn, wou digitaliséiert Aarbechte kënnen afgeluecht ginn. 

- Aarbechts- a Wochepläng
Den Enseignant huet d’Méiglechkeet, déi eenzel Aufgabe vum Wocheplang anzedroen, se der ganzer Klass, engem Groupe de besoin oder eenzelne Schüler zouzeweisen, an d’Progressioun vun all Kand festzehalen. Een nëtzlechen Outil, fir am Kader vun engem individualiséierte Léieren den Iwwerbléck ze behalen.

- Verwaltung vun Ziler
All Schüler huet ee virtuelle Beräich, an deem hie sech (resp. säin Enseignant him) Ziler ka fixéieren. Den Avancement resp. d’Prioritéit vum Zil gëtt grafesch flott duergestallt.

- Zentraliséiert Medieverwaltung 
Fotoen, Audioen a Videoen kënne per Drag&Drop an eng zentral Medieverwaltung geluede gi fir vun do aus z.B. an der Schreibwerkstatt, um Klassewebsite oder am Webpublisher benotzt ze ginn.

- Checklëschten a Formbréiwer
Den Enseignant kann a senger virtueller Klass séier an onkomplizéiert Schüler-, ToDo- an Checklëschten uleeën an erausdrécken, Etiquettë generéieren a Formbréiwer verwalten.

- eduLibrary
Am Oli per IAM ageloggt kann den Utilisateur direkt an eis nei Bibliothéiksverwaltung eduLibrary eriwwersprangen, ouni sech nach eng Kéier nei mussen z’identifizéiren

• Léierapps

Aus der virtueller Klass eraus hutt Dir Accès op eng Hellewull online ‘Léierapps’. Et sinn dat  individualiséierbar Spiller an Übungen an de Beräicher Mathematik, Sproochen a Sciences&Wëssen a Spill&Spaass. Doniewt besteet och d’Méiglechkeet, Aarbechtsblieder (mat Léisungen) als PDF ze generéieren. Den Niveau vun dëse Léierapps ass geziilt op d’Schüler aus dem Fondamental ausgeriicht. 

• Community & Social Media Plattform

Op der Oli-Plattform fënnt een och déi klassesch Funktioune vun de sougenannte soziale Medien, allerdéngs an engem geschützten Environnement, vu dass just d’Lëtzebuerger Schoulcommunautéit Accès op oli.education.lu huet : een Chat-Raum, ee perséinleche MicroBlog, d’Méiglechkeet, intern Noriichten un aner Utilisateuren ze verschécken, Frënn, Gruppen, Kalenner a villes méi.


• Schoulsite

oli.education.lu bitt Iech d’Méiglechkeet, iwwert fäerdeg Virlage mat nëmmen e puer Klicks Ären eegene Schoulsite anzeriichten. Dir leet Säiten un, placéiert Moduler (wéi Text, Fotogalerie, Linklëscht,..) drop a fëllt dës Moduler mat Contenu. All Schoulwebsite kritt eng ëffentlech Adress am Format http://XYZ.schoul.lu  (woubäi Dir den XYZ fräi definéiere kënnt). Dir kënnt d’Rechter fir d’Administratioun eegestänneg astellen. De Site ass responsive a gëtt esou domatt och op der Tablett oder dem Smartphone proper ugewisen.

Kuckt Iech d’Saach einfach eng Kéier un op oli.education.lu

Number of views (1526)/Comments (0)

Tags:

Documents à télécharger

More links

Name:
Email:
Subject:
Message:
x

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse