X

Catégories

U "schwiereg" Situatiounen erugoen

CP, Personnes de référence: Begleederroll reflexiv erliewen

U "schwiereg" Situatiounen erugoen
designed by freepik.com

Zilgrupp: CP, Personnes de référence

Fokus: Begleederroll reflexiv erliewen

Bei Onkloerheeten, wat d’ Begleederroll am Kader vum Stage ubelaangt befannen sech Begleetpersounen an enger Situatioun, wou et fir si schwiereg ass de passende Wee ze fanne fir engersäits weiderhi Reflexiounsprozesser gemeinsam mam/mat der Enseignant/e unzegoen an anerersäits net an eng Situatioun ze geroden, wou si riskéieren datt dëst als „Drock“ emfonnt gëtt an domat eng konstruktiv professionell Weiderentwécklung erschwéiert gëtt.

Contexte

Am 2. Joer vum Stage gëtt, niewent dem Verfaasse vum Mémoire, d’ Reflexioun vun der Unterrechtspraxis an de Mëttelpunkt gestallt. D’ Roll vum/vun der CP besteet hei och weiderhin dran, fir kontinuéierlech mam/mat der Enseignant/e zesummen u verschidde Beräicher reflexiv erunzegoen, wat et béiden erlaabt hier berufflech Weiderentwécklung am géigesäitegen Échange unzegoen.

Observations

  • Et gëtt keng Demande méi vum/vun der Enseignant/e fir sech reegelméisseg auszetauschen, wat d’ läscht Joer anescht war.
  • Et gi just nach punktuell Nofroen, z.B. wann et zu enger schwiereger Situatioun mat Eltere koum.
  • De Plan d’action gëtt net méi weidergefouert.
  • Rendez-vous’en déi fest geluecht goufen, ginn ofgesot.
  • Et gëtt matgedeelt, datt et elo keng Froe méi ginn, well dat 1.Joer vill Äntwerte fonnt gi sinn.
  • Saachen, déi am 1. Joer mat vill Aarbecht an Asaz verbonnen en place gesat goufen, sinn dëst Joer an der Klass vum/vun der Enseignant/e net méi ze gesinn. Et gi schwiereg Momenter an der Klass, d’ Kooperatioun mam/mat der CP bleift trotzdeem aus.

Hypothèses

  • De Besoin vum/vun der CP gouf am 1. Joer v.a. am Kader vun der Evaluatioun gesinn. Hei sollt hien/si eng Ënnerstëtzung sinn.
  • Momentan läit den Haaptfokus um Mémoire an dofir besteet méi Kontakt mat der Begleetpersoun vum Mémoire. Déi ergänzend Roll vum/vun der CP gëtt net doranner gesinn.
  • Den/d’ CP gëtt net als e Begleeder an Austauschpartner emfonnt, mee als Hëllef fir wann een eng Schwäch huet. Schwächten zougi mécht kee gären.
  • De Plan d’action ass Niewesaach ginn, resp. den Notzen an d’ Wichtegkeet dovun sinn an de Vergiess geroden. Hei gouf vu Säite vum IFEN evtl. net méi explizit genuch drop higewisen.
  • De Gewënn vum géigesäitegen Échange an der reflexiver Approche fir u Situatiounen aus dem Alldag kënne gestäerkt erunzegoe gouf nach net erkannt.
  • Den/D’ Enseignante wëll seng/hier Perséinlechkeet als Enseignant/e entwéckelen a mengt, datt den Échange mam CP dëser am Wee steet.
  • ...

Autres Pistes

D’ Situatioun ass am Moment déi, datt den/d‘ CP op eng Demande waart an awer keng do ass.

Wat fir en Noten kann dëst fir déi professionnel Weiderentwécklung vum/vun der Enseignant/e hunn?

  • Den/d’ Enseignant/e gewënnt u Rou.
  • Den/d’ Enseignant/e kann hier Dieren zoumaachen a brauch sech net mat hirem eegene Virgoe kritesch auserneen ze setzen.
  • Den/d’ Enseignant/e ka sech komplett op hire Mémoire konzentréieren.

A wéiwäit kann et a Bezuch op déi professionnel Weiderentwécklung vum/vun der Enseignant/e schwiereg sinn?

  • Den/d’ Enseignant/e riskéiert de reflexive Bléck ze verléieren an doduerch verschiddene schwierege Situatiounen ze begéinen, wat him/hir awer net direkt esou bewosst ka sinn.
  • De Bléck vu bausse feelt fir kënnen u verschiddene Schraufstellen ze dréinen.
  • Am Kader vun der Épreuve am 3. Joer kann am Portfolio keen aktiivt, kontinuéierlecht Erugoen un déi berufflech Weiderféierung iwwert de Moyen vum Plan d’ action opgewise ginn.

Wat fir en Notzen kann dëst fir den/d' CP als Begleetpersoun hunn?

  • Den/d’ CP kann seng Décharge-Stonn intensiv notze fir u Formatiounen Deel ze huelen.

A wéiwäit kann et a Bezuch op den/d'CP an hierer Begleederroll schwiereg sinn?

  • Den/d’ CP stellt seng/hir eegen Aarbecht enorm a Fro a riskéiert d’ Motivatioun fir seng/hier Funktioun ze verléieren.
  • Dem/der CP feelt en enorm interessanten Austausch, wou en am 1. Joer och fir seng eege professionell Weiderentwécklung dovu profitéiere konnt.
  • Den/d’ CP fillt sech mal à l’aise, well en/si d’ Gefill huet senger/hirer Aarbecht net adequat nozegoen.
     
Méiglechkeete fir datt den Échange erëm stattfënnt, kéinte sinn:

  • d’ Gespréich siche fir ze verstoen, wisou datt d’ Situatioun sech esou presentéiert an sech perséinlech dozou ze positionéieren;
  • un d’ Base légale erënneren;
  • d’ Bilansgespréicher kéinten Ulass dozou gi bei Kolleg/innen, déi fir d’ éischt eng Klass hunn;
  • de Mémoire, v.a. wann den/d’ CP selwer d’ Begleetpersoun ass
  • et entsteet “Leidensdrock” duerch evtl. Drock vu baussen an
    d’ Ënnerstëtzung duerch den/d’ CP gëtt gebraucht;
  • an engem éischter “informelle” Kontext d’Gespréich sichen an iwwert dee Wee ee konkrete Sujet gemeinsam ugeet;
  • “Hospitatiounsméiglechkeeten” bei sech selwer an der Klass ubidden;
  • konkret Situatiounen opgräifen fir an e Reflexiounssujet ze kommen;

Autres pistes

Matériel
Télécharger

Catégories: Accompagnement

Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique