X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

Concours national jonk Fuerscher mardi 24 septembre 20190

Concours national jonk Fuerscher

Dir hutt am Rapport gefuerdert datt Thema Klimawiessel méi an de Schoulen thematiséiert gëtt. Beim nationale Concours ‘’Jonk Fuerscher’’ hutt der déi eenzegaarteg Méiglechkeet är Fuerschungstheme selwer eraus ze sichen an ze verdéiwen.

Concours Jeune Journaliste – Climate Youth jeudi 19 septembre 20190

Concours Jeune Journaliste – Climate Youth

Ronderëm d’Welt gitt dir op d’Strooss fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen an dir verlaangt, datt d’Politik reagéiert. 

SCHOULMATERIAL: KOPIEN, BICHER AN DIGITALISÉIERUNG mercredi 11 septembre 20190

SCHOULMATERIAL: KOPIEN, BICHER AN DIGITALISÉIERUNG

Wéi am Punkt 2.2. SCHOULMATERIAL: KOPIEN, BICHER AN DIGITALISÉIERUNG vum Rapport ernimmt deet et der Ëmwelt gutt, wa Bicher méi wéi ee Liewen hunn a Schoulbicher vu méi Schüler benotzt ginn. Dofir wollte mer op den traditionelle Bichermaart an der Stad, Sonndes de 15.9., an op deen zu Dikrech, Samschdes den 21. September opmierksam maachen.  

Remise au gouvernement du rapport de synthèse des échanges ClimateXchange avec les élèves mercredi 19 juin 20190

Remise au gouvernement du rapport de synthèse des échanges ClimateXchange avec les élèves

En réponse à la marche pour le climat, qui avait rassemblé le 15 mars 2019 plusieurs milliers de jeunes à Luxembourg-Ville, le gouvernement avait pris en mars l'initiative d'entrer dans un dialogue constructif avec les jeunes au sujet de la question du changement climatique et des mesures à adopter pour freiner ce phénomène.

Rapport vun der CNEL mercredi 19 juin 20190

Rapport vun der CNEL

‘‘Mir weisen awer dorop hin, an dëst kann een net ze vill betounen, dass d’Responsabilitéit fir d’Klimakris a fird ’Géigemesuren net eleng op dem Schüler, dem Bierger an dem Konsument seng Schëllere soll geluecht ginn..."

RSS
12
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML